Dëst Joer gëtt an der Chamber iwwert den Etat de la Nation net nëmmen allgemeng mee och sektoriell, no véier groussen Themebléck debattéiert. Riedner fir d’LSAP am Beräich Economie a Kompetitivitéit war de Franz Fayot.
Den LSAP-Politiker huet op 3 Punkten insistéiert:
- D’LSAP steet fir eng propper an transparent Finanzplaz : d’Begleedung vu Clientë fir Zwecker vu Steierhannerzéiung ass en Auslafmodell.
- D’LSAP setzt op eng diversifizéiert Economie, matt engem intelligenten an nohaltege Wuesstem. D’LSAP begréisst déi couragéiert Reflexioun déi mam Jeremy Rifkin iwwert den zukünftege Lëtzebuerger Modell gefouert gëtt.
- D’LSAP setzt op d’Recherche an d’Innovatioun als Zukunftspolitik. Am Sënn vun eiser Wëssensgesellschaft, am Sënn vum wëssenschaftlechen a gesellschaftleche Fortschrëtt an am Sënn vun der wirtschaftlecher Kompetitivitéit an Diversitéit ënnerstëtzen d’Sozialisten all Mesuren, déi zu enger Stäerkung vun der Fuerschung – sief déi ëffentlech, sief et déi privat – hei am Land bäidroen.