Skandaléisen Ëmgang mat de Caritas-Mataarbechter.i.nnen

D’LSAP ass skandaliséiert vun der Method mat där d’Salarié.e.n vu Caritas un H.U.T. “iwwerdroe ginn”.

Eisen Informatiounen no ginn d’Mataarbechter.inne vun der Caritas de leschte Freideg, 27.9., an haut, Méindeg de 30.9., een nom aneren an en isoléierte Raum convoquéiert, kréien do en neien Aarbechtskontrakt fir bei HUT schaffen ze goe virgeluecht an hu just dee Moment d’Méiglechkeet, dësen ze ënnerschreiwen.

Si kréie keng Méiglechkeet, sech dëse Kontrakt a Rou duerch ze liesen oder sech beroden ze loossen, zum Beispill vun hire Personaldelegéierten. Ee Vertrieder vun der Personaldelegatioun vun der Caritas ass zwar sur place, däerf awer d’Persounen net an de Sall begleeden a si eventuell beroden.

D’Mataarbechter.inne ginn duerch dës Situatioun ënner Drock gesat, virun allem, well si nach ëmmer net wëssen, wat mat hinne géif geschéien, wann si net direkt ënnerschreiwen.

Schlussendlech sollen d’Mataarbechter.innen, eisen Informatiounen no, e Passus ënnerschreiwen an deem steet “Les Parties déclarent avoir disposé du temps de réflexion et des conseils nécessaires avant de signer le présent accord et confirment que leur consentement est libre et exempt de tout vice.”

Mir hu seriös Zweifel dass dës Method legal ass, ganz ofgesinn dovun dass et skandaléis ass, wéi ee matt de Leit vun der Caritas ëmgeet. Mir fuerderen de Premier, deen dës Affär zur Chefsaach deklaréiert huet, op, direkt am Sënn vun de Mataarbechter.innen anzegräifen. Dofir hu mir och haut nogefrot, op d’Regierung informéiert ass, op si der Meenung ass, op dat an der Rei ass, wéi H.U.T. mat de Mataarbechter.innen vu Caritas virgeet, a wéi si gedenkt, ze reagéieren.

Facebook
Twitter