Ka kënschtlech Intelligenz zur Inclusioun vu Kanner mat Autismus an eiser Schoul bäidroen?

Här Präsident,

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun a Fuerschung weiderzeleeden.

Laut der WHO ass weltwäit 1 vun 59 Kanner vun Autismus betraff. Den Autismussyndrom ass virun allem eng Stéierung vun der Wahrnehmungsveraarbechtung. D’Zil soll sinn, dës Kanner, déi dacks Problemer hunn sech richteg auszedrécken oder d’Emotioune vun Aneren ze verstoen, sou gutt wéi méiglech an der Gesellschaft an och an der Schoul mat an ze bezeien. Inclusioun ass hei d’Stéchwuert. Dësem Thema huet sech och eng Spin-off, déi aus der Uni.lu ervirgeet ugeholl an den QTRobot entwéckelt. E Roboter, deen déi emotional a sozial Kompetenze vu Kanner mat Autismus soll fërderen. Kanner mat Autismus sollen ëm 165% méi opmierksam sinn, wann dëse klenge Roboter an hirer Bildung benotzt gëtt.

An deem Zesummenhang well ech dem Här Minister fir Educatioun a Fuerschung dës Froe stellen:

  • Gëtt de QTRobot schonn an der Lëtzebuerger Schoul oder an de Kompetenz Zentren agesat?Wann jo, wou a wat sinn déi éischt Erfarungen?
  • Kann de Minister sech virstellen, dëse klenge Roboter landeswäit a Schoulen zur Verfügung ze stelle fir dass d’Inclusioun sou gutt wéi méiglech gelénge kann?
  • Kéint de QTRobot net och eng wichteg Ënnerstëtzung beim Homeschooling vu betraffene Kanner sinn? Wann jo, a wei wäit kéint de jeeweilegen Eltere finanziell ënnert d’Äerm gegraff ginn?
  • A wei wäit wäert déi artifiziell Intelligenz d’Schoul, notamment a punkto Inclusioun, vu muer mat gestalten? Ginn et hei weider Projeten un deenen den Educatiouns-, a Fuerschungsministère schafft?

Mat déiwem Respekt,

Simone Asselborn-Bintz, Deputéiert

Facebook
Twitter