Wéi kréien d’Horeca-Betriber a punkto Loyer gehollef?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mëttelstand an Tourismus weiderzeleeden.

No den Oplockerunge fir de Commerce Ufank Januar, bleift et zumindest emol bis den 21.Februar 2021 nach bei der Fermeture vum Horeca-Secteur. Dëse Secteur, deen elo schonn iwwert 150 Deeg an de Joren 2020 an 2021 zou ass, ass also op all Ënnerstëtzung ugewisen. Besonnesch betraff sinn Hoteller, Bistroen a Restauranten, déi e Loyer musse bezuelen.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Minister fir Mëttelstand an Tourismus dës Froe stellen:

  • Wéi interpretéiert de Minister d’Urteel vum 21.01.2021 vum Friddensgeriicht, wat beseet, dass wann de Locataire net vu senge gelounte Gebailechkeete profitéiere kann, e vu senger Obligatioun de Loyer ze bezuelen, zumindest deelweis, kann fräigestallt ginn?
  • Wéi gesäit d’Regierung dëst Urteel? Sollen d’Locatairen d’Bezuele vun hirem Bail stoppen? Wat hätt dat fir finanziell Auswierkungen op d’Proprietäre vun de verschiddene Lokaler?
  • Huet de Minister den Iwwerbléck, op a wéiwäit d’Proprietären, respektiv d’Brasserien de Loyer nogelooss hunn oder et elo wëlle maachen? Kann de Minister confirméieren, dass de Staat, iwwerall do, wou e selwer Proprietär ass, dem respektive Commerce säi Bail ausgesat huet?
  • An der Presse war ze liesen, dass een am Horeca-Secteur vum 1. Abrëll 2021 als Datum fir eng Reouverture ausgeet. Kann de Minister confirméieren, dass een mat dësem Datum plangt?
  • Jonk Entreprisen, déi sech réischt am Laf vum leschte Joer gegrënnt hunn, sinn net eligibel fir d’Aide “Coûts non couverts” a struewelen dowéinst, ebe grad wéinst dem Loyer. Denkt d’Regierung hei driwwer no, dës Jonk Betriber awer nach mat an dës Hëllef eranzehuelen, respektiv eng änlech Aide fir dës nei Entreprisen ze schafen? Wéi vill Betriber, opgedeelt op déi verschidde Secteuren, hunn sech dat lescht Joer getraut a sech gegrënnt?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener, Deputéiert

Facebook
Twitter