Eist Häerz schléit fir Europa
Sozial Gerechtegkeet? Demokratie? Fridden? Fräiheet? Op all dës Froen, déi sech haut a muer stellen, gëtt et nëmmen eng Äntwert:
E progressiivt, sozialdemokratescht Europa!
Duerfir brauche mir eng staark sozialdemokratesch Fraktioun am Europaparlament. Lëtzebuerg soll do säin Deel bäidroen, mat enger staarker Lëscht déi vun eise progressive Valeure vu sozialer Gerechtegkeet, Solidaritéit, Demokratie a Fräiheet gepräägt ass.
Den LSAP Kongress de 17. Mäerz kritt vun der LSAP Parteileedung duerfir des Kandidat.inn.e virgeschloe, déi fir d’LSAP hei zu Lëtzebuerg mat an d’Europawale solle goen:
Spëtzekandidat .inn.en
Marc Angel (60)
Europadeputéierte
Lëtzebuerg-Stad
Danielle Filbig (26)
Master a Politikwëssenschafte mat Schwéierpunkt Friddens- a Konfliktfuerschung
Gemengeconseillère
Rammerech
Kandidat.inn.en
Liz Braz (27)
Deputéiert a Juristin
Gemengeconseillère
Esch-Uelzecht
Mars di Bartolomeo (71)
Deputéierten, fréiere Minister
Diddeleng
Franz Fayot (52)
Deputéierten, fréiere Minister a Jurist
Lëtzebuerg-Stad
Michaela Morrisova (28)
Master a Politikwëssenschafte mat Schwéierpunkt Europa
Lëtzebuerg-Stad
D’LSAP ass eng progressiv Partei, wat sech an der proposéierter Lëscht erëmspigelt. Mat engem Altersduerchschnëtt vu 44 Joer ass et eng jonk, dynamesch Lëscht mat 3 engagéierte Fraen an 3 engagéierte Männer déi sech fir e gerecht a soziaalt Europa asetzen, wou de Mënsch am Mëttelpunkt steet.
Bei den Europawalen den 9. Juni geet et ëm vill. E staarkt, selbstbewosst Europa ass batter néideg an dësen Zäiten, wou Rietser a Konservativer Europa a Fro stellen.
Fir d‘LSAP ass Europa e Projet fir de Fridden, vun den oppene Grenzen an der wirtschaftlecher Prosperitéit wou all Mënsch seng Plaz huet. Fir Diskriminéierung a Faschismus ass an Europa keng Plaz – mir loossen eis eisen Häerzensprojet net vun deene Rietse futti maachen.