Eist Häerz schléit fir Europa

Eist Häerz schléit fir Europa

Sozial Gerechtegkeet? Demokratie? Fridden? Fräiheet? Op all dës Froen, déi sech haut a muer stellen, gëtt et nëmmen eng Äntwert:

E progressiivt, sozialdemokratescht Europa!

Duerfir brauche mir eng staark sozialdemokratesch Fraktioun am Europaparlament. Lëtzebuerg soll do säin Deel bäidroen, mat enger staarker Lëscht déi vun eise progressive Valeure vu sozialer Gerechtegkeet, Solidaritéit, Demokratie a Fräiheet gepräägt ass.

Den LSAP Kongress de 17. Mäerz kritt vun der LSAP Parteileedung duerfir des Kandidat.inn.e virgeschloe, déi fir d’LSAP hei zu Lëtzebuerg mat an d’Europawale solle goen:

 

Spëtzekandidat .inn.en

Marc Angel (60)

Europadeputéierte

Lëtzebuerg-Stad

Danielle Filbig (26)

Master a Politikwëssenschafte mat  Schwéierpunkt Friddens- a Konfliktfuerschung

Gemengeconseillère

Rammerech

 

Kandidat.inn.en

Liz Braz (27)

Deputéiert a Juristin

Gemengeconseillère

Esch-Uelzecht

Mars di Bartolomeo (71)

Deputéierten, fréiere Minister

Diddeleng

Franz Fayot (52)

Deputéierten, fréiere Minister a Jurist

Lëtzebuerg-Stad

Michaela Morrisova (28)

Master a Politikwëssenschafte mat Schwéierpunkt Europa

Lëtzebuerg-Stad

 

D’LSAP ass eng progressiv Partei, wat sech an der proposéierter Lëscht erëmspigelt. Mat engem Altersduerchschnëtt vu 44 Joer ass et eng jonk, dynamesch Lëscht mat 3 engagéierte Fraen an 3 engagéierte Männer déi sech fir e gerecht a soziaalt Europa asetzen, wou de Mënsch am Mëttelpunkt steet.

Bei den Europawalen den 9. Juni geet et ëm vill. E staarkt, selbstbewosst Europa ass batter néideg an dësen Zäiten, wou Rietser a Konservativer Europa a Fro stellen.

Fir d‘LSAP ass Europa e Projet fir de Fridden, vun den oppene Grenzen an der wirtschaftlecher Prosperitéit wou all Mënsch seng Plaz huet. Fir Diskriminéierung a Faschismus ass an Europa keng Plaz – mir loossen eis eisen Häerzensprojet net vun deene Rietse futti maachen.

 

Facebook
Twitter