D’Wuert vun de Presidenten

Léif Frënn,

d’LSAP ass eng staark an dynamesch Partei. Vill engagéiert Membere setzen sech all Dag an eise Sektiounen, Bezierker, Ënnerorganisatiounen an an der Partei fir eng modern, zukunftsorientéiert a sozial gerecht Gesellschaft an.

Iwwer 120 Joer Geschicht léieren eis, datt de Kampf fir sozial Gerechtegkeet, Solidaritéit a Fortschrëtt ni aus der Moud kënnt. An enger Welt, déi ëmmer méi séier dréit an ëmmer méi onsécher gëtt, brauch et eng staark sozialistesch Stëmm.

Mir wëllen Äntwerte ginn op déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit: bezuelbare Logement, eng gerecht Bildung, eng zougänglech Gesondheetsversuergung, eng gutt Pensioun, eng sozial Klimapolitik an eng Aarbechtswelt, déi de Mënsch respektéiert an d’Erausfuerderunge vu muer antizipéiert. Mir wëllen de Leit Sécherheet, Perspektiven a Vertraue ginn.

Als Memberpartei si fir eis den Dialog an den Austausch essenziell. An eise Sektiounen, Aarbechtsgruppen an Ënnerorganisatioune kann all Mënsch sech abréngen, Iddien entwéckelen a Politik aktiv matgestalten.

Sierf och Du derbäi!

Zënter eisem Kongress am Mäerz 2026 huet d’LSAP eng nei Co-Présidence* an en neie Grondsazprogramm. Fir béides hu mir eng grouss Zoustëmmung vun eise Memberen erlieft.

Dofir soe mir vun Häerze Merci. Mir gesinn dëst Vertrauen als e staarke Virschoss fir déi kommend Joren an als Motivatioun, eis mat voller Energie fir eis Partei an eis Wäerter anzesetzen.

Eis Grondwäerter – Fräiheet, Sécherheet, Gerechtegkeet, Solidaritéit, Nohaltegkeet a Fortschrëtt – sinn de Kompass vun eiser Politik. Si ginn eis Orientéierung fir d’Zukunft an hëllefen eis, déi vill Erausfuerderungen unzegoen, déi virun eiser Gesellschaft a virun eisem Land leien. 

Fir eis Ziler z’erreechen, brauche mir engagéiert Mënschen. Mënschen, déi net nëmme kritiséieren, mee matgestalte wëllen. Mënschen, déi un eng besser a méi gerecht Zukunft gleewen.

Mir freeën eis, Dech geschwënn an der LSAP begréissen ze kënnen.

Maxime MILTGEN & Georges ENGEL
LSAP-Co-Presidenten

*  No der Auszielung vun de Stëmmen (Stëmmen gedeelt duerch Stëmmziedelen) hunn d’Maxime Miltgen 81,4 % an de Georges Engel 93,5 %.