Nieft dem Nationalkongress ass d’Parteileedung dat héchst Parteigremium.
Si gëtt vum Nationalkongress fir d’Dauer vun 2 Joer gewielt & mat Memberen aus de Bezierker an Ënnerorganisatiounen ergänzt.
D’Parteileedung bestëmmt d’Ausriichtung vu parteipolitesche Positiounen zu Aktualitéitsthemen.
Si setzt d’Aarbechtsgruppen an, an ass responsabel fir d’Organisatioun vun de Walcampagnen.