Eng Sektioun regroupéiert all d’Parteimemberen aus enger oder méi Gemengen. An der parteiinterner Demokratie hunn d’Sektiounen als Basisgrupp eng ganz wichteg Bedeitung.
D’Sektiounen aus engem Walbezierk sinn an hirem jeeweilegen Bezierkscomité representéiert.
Zesummefaassung vun de Missiounen an de Kompetenze vun eise Lokalsektiounen:
Duerch hier Delegéiert um Landeskongress bestëmmt d’Sektioun der Partei hier politesch Linn, verteidegt a verbreet dës bei de Memberen an de Matbierger.
D’Organer vun der Sektioun entscheeden iwwer kommunalpolitesch Froen. Si treffen hier Entscheedung op Grondlag vun der Partei hirem Programm a Grondsätz. Den Ofschloss vun enger Koalitioun op Gemengenniveau fält ënner déi souverän Zoustännegkeet vun der Sektioun hirer Generalversammlung, respektiv de Generalversammlunge vun de vereente Sektiounen vun der entspriechender Gemeng.
D’Sektioun fërdert déi politesch Bildung vun hire Memberen.