QP n°1142 – Baisse de l’utilisation du préservatif chez les adolescents

Här President,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Enn August koum d’Nouvelle vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), dass ëmmer manner Jonker an der EU Kondomer benotzen. D’Zuelen wieren zanter 2014 réckleefeg. Zu Lëtzebuerg géife sech der WHO-Etüd no 1/3 vun de Meedercher an 1/4 vun de Jongen net mat engem Kondom schützen. Dat ass ëmsou méi beonrouegend, well gläichzäiteg d’Zuele vun de sexuell iwwerdrobare Krankheeten a vun den ongewollte Schwangerschafte klammen.

D’Resultater vun der WHO-Etüd ënnersträichen, wéi wichteg et ass, Jonker iwwer sexuell Gesondheet opzeklären. Eigentlech war an ass et ee vun den Haaptziler vum Plan d’action national pour la promotion de la santé affective et sexuelle (PAN SAS), opzeklären, fir genau esou eng Tendenz ze vermeiden. Den 28. Juni 2024 gouf den 10. Anniversaire vum PAN SAS gefeiert an zu dësem Ulass hunn d’Ministeren och eng Déclaration d’intention ënnerschriwwen.

An deem Zesummenhang wëlle mir dës Froe stellen:

  • Wéi erklären d’Madamm Ministesch an den Här Minister, dass ëmmer manner Jonker sech schützen?
  • Deelt d’Regierung d’Aschätzung, dass et méi Géigewand géint d’Education sexuelle et affective gëtt?
  • Ginn d’Programmer an de Schoulen duer? Respektiv ass virgesinn se auszeweiden? Wäerten d’Recommandatioune vun der genannter WHO-Etüd dobäi consideréiert ginn?
  • Wéi eng Conclusioune goufen am Kader vum 10. Anniversaire vum PAN SAS festgehaalen?
  • Wat ass den Inhalt vun der genannter Deklaratioun, déi ënnerschriwwe gouf?
  • Ass en neien PAN SAS an Ausaarbechtung?
  • Als eng vun den Aktiounen am aktuelle PAN SAS gouf eng Analyse régulière des actions selon l’évolution du PAN – SAS festgehalen. Sinn esou Analysen gemaach ginn? Wat ass dobäi erauskomm?
  • Ee vun den Objektiver vum PAN SAS ass d’“Promotion de la santé affective et sexuelle dans tous les établissements scolaires, éducatifs et d’accueil, mais aussi au sein des établissements médico-sociaux, sociaux et associatifs”. Gouf dëst flächendeckend an altersgerecht ëmgesat?

 

Mat déiwem Respekt,

Taina Bofferding & Mars di Bartolomeo  – Député.s

 

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: QP n°1042

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter