“Brexit: grad elo op d’Zesummenaarbecht halen” – Eng fräi Tribün vum Yves Cruchten

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) beschäftegt sech den Yves Cruchten mam Brexit. “Trotz eiser Frustratioun a wéinst der Wichtegkeet vun den Enjeu’en fir Groussbritannien an eben och fir eis, musse mer grad elo op d’Zesummenaarbecht halen”, esou den Appell vum LSAP-Deputéierten, fir Groussbritannien méiglechst net ouni Deal aus der EU austrieden ze loossen.

Hei dem Yves Cruchten säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

Brexit: grad elo op d’Zesummenaarbecht halen

 

Kënnt Dir et och net méi héieren?

D’Wuert Brexit?

Iwwer dräi Joer nodeems d’Briten mat enger knapper Majoritéit décidéiert hunn aus der EU auszetrieden, ass nach ëmmer net gewosst wuer d’Rees um Enn hiféiert.

Wann dës Entscheedung fir vill vun eis deemools nach iwwerraschend koum, gesäit een haut datt se e gutt Beispill ass fir eng Stréimung vu nationalisteschen Reflexer, déi an de läschte Jore bal iwwerall op der Welt opkomm ass.

Heibäi huet sech de Bléck vu verschiddene Länner ëmmer méi no bannen an op sech selwer geriicht an dacks géint eng oppen, géint eng fortschrëttlech Welt, eng Welt vu Kollaboratioun a vu Kooperatioun.

Wat zentral ass fir déi dacks global Erausfuerderungen unzegoen, ass eben eng staark international Zesummenaarbecht.

Mee genee déi international Zesummenaarbecht, déi fir eng laang Zäit net ëmmer einfach, mee dach iergendswéi selbstverständlech war, gëtt duerch nationalistesch a populistesch Kräften erschwéiert an zum Deel a Fro gestallt.

D’EU ass déi am meeschten integréierten Regioun vun der Welt a lieft d’Zesummenaarbecht tëscht senge Memberstaten a mat anere Länner all Dag. Mee de Brexit weist, datt dësen Zoustand och an Europa kee Perpetuum mobile ass.

Streidereien bannent enger eenzeger Partei hunn zu Auswierkungen op engem ganze Kontinent an doriwwer eraus gefouert.

Den Austrëtt vu Groussbritannien wäert sou oder sou negativ Konsequenzen hunn, do si sech déi meeschten Experten eens.

Mee besonnesch am Fall vun engem No-Deal Brexit, sinn d’Auswierkungen ganz beonrouegend, ob um Niveau vun der Economie, der Sécherheet, dem soziale Fortschrëtt oder am schlëmmste Fall dem Fridden an Irland.

A wéi ëmmer wäerten et déi akommesschwaach Leit sinn déi heibäi iwwerproportional betraff sinn, wa Liewensmëttel, Medikamenter, Energie an aner Importgidder méi deier ginn.

Deelweis also genee déi Leit, deenen d’Leave-Campagne versprach hat, duerch e Brexit méi Kontroll a méi Wuelstand ze bréngen.

Dëse Widdersproch ass nëmmen ee Beispill, wéi déi simplistesch Visioun vu Nationalisten a Populisten der komplexer Realitéit net Stand hält.

Dat politescht Spektakel, dat mir säit Méint gebuede kréien, ass nëmme nach schwéier ze erdroen a novollzéibar.

An et ass verständlech wann eenzelner vun eis denken, ma gitt dach endlech a loosst eis dach iwwer aner wichteg Saache schwätzen.

Allerdéngs wäer dat ee Feeler.

Trotz eiser Frustratioun a wéinst der Wichtegkeet vun den Enjeu’en fir Groussbritannien an eben och fir eis, musse mer grad elo op d’Zesummenaarbecht halen.

Besonnesch well mer weder mat nach ouni Accord, den 31. Oktober kënnen e Schlussstréch zéien ënnert de Brexit.

Da gi nämlech réischt d’Verhandlungen un fir déi zukünfteg Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien ze definéieren.

An hei geet et an eisen Aen virun allem drëms, souwuel den EU-Bierger a Groussbritannien wéi och de britesche Bierger an der EU laangfristeg eng rechtlech Sécherheet ze garantéieren.

D’Suen an d’Energie, déi an de läschten dräi Joer opgebraucht goufen, hätten op alle Fall kënne besser genotzt ginn, z.B. fir Erausfuerderungen wéi d’Aarmut, de Klimawandel oder d‘Edukatioun unzegoen.

Egal wéi et elo ausgeet: Verléierer wäerten et der vill ginn. Virun allem déi schaffend Leit gi bei d’Lisette gelooss.

Déi Räich, déi wäerten eens ginn an zur Nout wanderen se einfach aus, wat eenzelner jo scho gemeet hunn.

Et ass ze hoffen dass d’Wieler, net nëmmen a Groussbritannien, erkennen, dass déi einfach Léisungen op komplizéiert Froen net ëmmer déi Beschte sinn.

Mir gesinn, dass d’Populisten iwwerall do wou se an d’Verantwortung kommen scheiteren, op an Éisträich oder an Italien.

Villäicht geet et hinnen a Groussbritannien d’selwescht. A villäicht léiere mer och alleguerten dorauser: D’Europäesch Unioun a speziell Lëtzebuerg brauchen eng Welt wou déi international Zesummenaarbecht grouss geschriwwe gëtt.

Et wäer ze wënschen wann dat erëm iwwerall géif erkannt ginn!

Facebook
Twitter