Firwat ass tëschent Suessem an Käerjeng op eemol eng Wëldbréck virgesinn?

Här Präsident,

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Am Kader vum Bau vum Contournement vu Käerjeng ass eng Wëldbréck iwwert der Collectrice du Sud, an der Géigend vun der Zuchbréck geplangt. Dëst ass och am Kader vum Bau vum Contournement vu Käerjeng matgedeelt ginn. Elo ass awer vun der Administration des Ponts et Chaussées am November 2020 ee Projet ausgeschriwwe ginn, fir ee weidere “Passage à faune”, dës Kéier iwwert dem CR110 ze bauen, dee Suessem mat Käerjeng verbënnt. Dofir muss den CR110 fir d’éischt ofgesenkt ginn. Wei et aus der Ausschreiwung eraus geet, soll dee Chantier bis Enn 2024 undaueren. An senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro 2983, wou et em de geplangte P&R beim Zucharrêt Käerjeng-Suessem geet, ass den Här Minister och nëmme ganz knapp op des Wëldbréck agaangen.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten dës Froe stellen:

  • Bis elo huet et ni geheescht, dat den CR 110 misst ofgesenkt ginn. Weess de Minister firwat dës Aarbechten elo op eemol virgesi sinn a firwat op där Platz, wou d’Trennung duerch den CR110 schonns laang besteet, elo eng Wëldbréck virgesinn ass?
  • Kann de Minister confirméieren, wou genee des Wëldbréck hikënnt? Bis elo gëtt et mengem Wëssen no kee Plang, deen ëffentlech zougänglech wier. Dobäi sollen d’Aarbechte laut Ausschreiwung schonns am Abrëll ufänken.
  • Wei wäert den Zougang zu der Gare wärend dëser laanger Chantiersphase kënne séchergestallt ginn? Wat sinn d’Repercussiounen op de Trafic generell, a méi spezifesch op d’Bussen, déi d’Gare ufueren?
  • Gedenkt de Minister de Projet ëffentlech ze presentéieren?

Mat déiwen Respekt,

Simone Asselborn-Bintz, Deputéiert

 

Liest hei d’Äntwert vum Mobilitéitsminister:

Question parlementaire Wëldbréck tëschent Suessem a Käerjeng

Facebook
Twitter