🇱🇺

D’Margarita Bertomeu huet 53 Joer. Hatt kënnt ursprénglech aus Deltebre-Tarragone, enger Stad am Süde vu Katalounien a Spuenien. Hatt wunnt zënter véier Joer zu Menster. D’Marga schwätzt Katalanesch, seng Mammesprooch a Spuenesch. Hatt huet gutt Kenntnisser am Franséischen an am Engleschen a léiert fläisseg Lëtzebuergesch. Hatt schafft als Botzfra.

D’Marga ass eng immens generéis Persoun, déi gären aus alldeegleche Situatioune léiert a probéiert ënnert all Ëmstänn aneren ze hëllefen.

D’Marga ass eng gutt Musekerin, hatt spillt Klarinett bei der Menster Musek, wat him vill hëlleft fir sech weider an eiser Gemeng ze integréieren. A senger Fräizäit verbréngt hatt gären Zäit mat senger Famill oder geet an de Bësch spadséieren.

Fir d’Marga ass d’Zesummeliewen immens wichteg. Hatt engagéiert sech fir dass jiddereen a jiddwereent sech a sengem Liewe gutt fillt an hatt well alles maache fir hinnen ze hëllefen dëst ze erreechen.

„Dankbarkeet“ ass säi beschte Kaddo!

🇫🇷

Margarita Bertomeu a 53 ans. Elle est originaire de Deltebre-Tarragone, une ville située au sud de la Catalogne en Espagne. Elle vit à Mensdorf depuis 4 ans. Marga parle catalan, sa langue maternelle et l’espagnol. Elle maîtrise bien le français et l‘anglais et apprend assidûment le luxembourgeois. Elle travaille en tant que femme de ménage.

Marga est une personne très généreuse qui aime apprendre de toutes les situations quotidiennes et qui essaie d’aider les autres dans toutes les circonstances. 

Marga est une bonne musicienne, elle joue de la clarinette au sein de la Fanfare de Mensdorf, cela l‘aide beaucoup à s‘intégrer davantage dans la communauté.

Dans son temps libre, elle aime être avec ses amis ou se promener dans les bois de la commune.

Marga, avec ses expériences de vie, accorde beaucoup d’importance au vivre ensemble.   Elle s’engage pour faire en sorte que chacun et chacune se sentent bien dans leur vie et elle fera tout son possible pour les aider à y parvenir.

„Gratitude“ est son meilleur cadeau !