Ettelbréck, den 1.Mäerz 2024
INVITATIOUN
Heimat invitéiert d’LSAP – Sektioun Ettelbréck/Waarken op hier Generalversammlung, déi Mëttwochs, den 20. Mäerz 2024 um 19 Auer an der Däichhal stattfënnt.
Dagesuerdnung
1. Begréissung duerch de President vun der Sektioun, Dr Gaston RIES
2. Aktivitéitsbericht vum Joer 2023, Diskussioun an Ofstëmme vum Bericht
3. Finanzbericht
4. Bericht vun de Keesereviseuren, Diskussioun an Ofstëmme vum Bericht
5. Deelweis Neiwale vum Sektiounskommitee
6. Usprooch vum Deputéierte Mars DI BARTOLOMEO
7. Usprooch vum Deputéierte Claude HAAGEN
8. Usprooch vum Buergermeeschter Bob STEICHEN
9. Fräi Aussprooch
10. Éierung vum neie Buergermeeschter Bob STEICHEN
11. Schlusswuert
D’Kandidature fir de Kommitee ginn entgéintgeholl vum Claude BESENIUS (claude.besenius@gmail.com, 621635512) bis kuerz virun der Generalversammlung. Sot mer och w.e.g. Bescheed wann der net méi wëllt am Kommitee matschaffen.
Mat frëndleche Gréiss,
De Kommitee vun der Sektioun Ettelbréck/Waarken