“Aarbechtszäitkonten: Och fir d’Salariéeën aus dem Privatsecteur!” – Tribune libre vum Taina Bofferding

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) zum Thema “Aarbechtszäitkonten: Och fir d’Salariéeën aus dem Privatsecteur!” befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding mat den Aarbechtszäitkonten als e weidert Instrument fir flexibel Aarbechtsgestaltung am ëffentlechen Secteur, mee och am Secteur public.

Hei hire Bäitrag fir nozelauschteren an nozeliesen:

 


 

Léif Alleguerten,

Ufangs nächst Joer soll e Gesetzesentworf op den Dësch fir Aarbechtszäitkonten am Privatsecteur anzeféieren. Dat wär eng gutt Saach, fir d’Zäitsouveränitéit vun de Salariéeën ze stäerken, a fir Beruff a Privatliewe besser openeen ofzestëmmen.

Aarbechtszäitkonte wären e weidert Instrument fir flexibel Aarbechtsgestaltung, a passt dohier och gutt zur Diskussioun ëm Aarbechtszäitverkierzung.

Als éischt emol zur Erklärung wat Aarbechtszäitkonte sinn: Dës funktionéieren ewéi e Spuerbuch, just dass hei keng Sue mä Aarbechtsstonnen ugesammelt a bei Bedarf ageléist kënne ginn. E Konto voller Zäit also.

Heibäi handelt et sech ëm Iwwerstonnen. Allerdéngs ginn dës net wéi bis elo ëmmer üblech, kuerzfristeg iwwer eenzel fräi Deeg „erageholl“, mä së kënnen iwwert eng länger Zäit ugespuert ginn, fir da spéider genotzt ze ginn, ganz no de perséinleche Besoinen a verschiddene Liewensphasen:

Während vläicht e jonke Beruffsufänger ouni Famill kee Problem huet emol Iwwerstonnen ze maachen, hu jonk Eltere vläicht éischter de Wonsch manner ze schaffen, a spéider nees méi, wann d’Kanner grouss sinn.

Vläicht wëll awer och eng Persoun zu engem gewëssen Zäitpunkt vun hirem Liewen e gréissere perséinleche Projet ëmsetzen an duerfir eng Paus vun e puer Méint huelen. Oder eng Persoun kann éischter a Pensioun goen.

De groussen Avantage vun den Aarbechtszäitkonten ass fir de Salarié, dass säin Akommes an alle Phasen dat selwecht an d’Aarbechtsplaz voll erhale bleift.

Fir de Patron ass et de Virdeel, dass hien de Moment wou d’Besoinen bestinn, iwwert déi néideg Main d’Oeuvre verfüügt a keng Zouschléi fir Iwwerstonne muss bezuelen.

Och ass en Aarbechtszäitkonto en attraktive Moyen fir Salariéeë laangfristeg un e Betrib ze bannen, se ze motivéieren oder fir Neier unzezéien.

Aktuell feelt hei am Land eng gesetzlech Basis. Déi ass awer wichteg fir engersäits de Betriber Planungssécherheet ze ginn, anerersäits déi schaffend Leit géint Ausbeutung ze schützen.

Esou muss z.B. d’genau Bestëmmung vun de Stonnen an d’Fräiwëllegkeet gereegelt ginn. An et muss sécher gestallt ginn, dass am Fall vun enger Faillite, déi ugespuerte Stonnen net einfach fort sinn.

Fir den ëffentleche Secteur huet de sozialisteschen Inneminister schonn Neel mat Käpp gemaach. En entspriechenden Text ass um Instanzewee – elo muss de Privatsecteur nozéien.

Hei konnten sech d’Sozialpartner bis haut net eenegen, obwuel en Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot vun 2004 virläit, dem esou gutt d’Gewerkschaften ewéi d’Patronen zougestëmmt hunn.

De sozialisteschen Aarbechtsminister wëll Ufank 2018 en entspriechende Gesetzesentworf virleeën.

Mär als LSAP ënnerstëtzen dës Demarche, well mär kämpfe fir de soziale Fortschrëtt, vun dem d’Leit konkret eppes hunn.

Merci fir d’Nolauschteren.

 

Facebook
Twitter