Affär Caritas: Transparenz schafen – elo!

Communiqué de presse du groupe parlementaire LSAP:

 

An der Affär Caritas stellen sech der Chamber an der Ëffentlechkeet nach ëmmer ganz vill Froen, an dat mat Recht. Zanter Woche freet d’LSAP-Fraktioun, fir eng Reunioun mat den zoustännege Ministeren a Chamberskommissiounen zesummen ze bréngen. Och wann natierlech net iwwert déi lafend Enquêtë kommunizéiert ka ginn, esou ass d’LSAP der Meenung, datt d’Regierung iwwert déi Moossnamen, déi si hëlt, an iwwert d’Weiderféierung vun de Projeten, deenen hiert Finanzement a Fro gestallt ass, vill méi ëmfaassend mat der Chamber kommunizéiere misst.

Dee vun eis gefuerderten Austausch mat der Regierung ass ëmmer erëm verréckelt ginn a soll elo schlussendlech d’nächst Woch stattfannen. Allerdéngs hunn d’CSV an d’DP, mat der Ënnerstëtzung vun der ADR, elo offiziell decidéiert, datt d’Ëffentlechkeet vun dëser Kommissiounssitzung ausgeschloss soll ginn. Mir bedaueren, datt si sech, trotz eisen Argumenter, dogéint ausgeschwat hunn, d’Sitzung ëffentlech ze iwwerdroen, obwuel dëst och an der Testphase vun den ëffentleche Sitzunge méiglech gewiescht wier.

Wéinst der Brisanz an der Wichtegkeet vun dësem Dossier an dem Fait, dass nach ëmmer wéineg iwwert d’Verschwanne vun den iwwert 60 Milliounen €, vun deenen e Groussdeel Don’e vu Bierger:inne waren, gewosst ass, fuerdert d’LSAP weiderhin, dës Sëtzung ëffentlech ze maachen. De Public, d’Press an déi vill Leit déi an de leschte Joren un d’Caritas gespent hunn, hunn e Recht drop, Detailer aus éischter Hand gewuer ze ginn. Informatiounen, déi net fir de Grand Public sinn, kéinten nach ëmmer an engem Huis Clos beschwat ginn.

D’Chamber ewéi d’Bierger:innen hunn e Recht drop, datt dës Affär an aller Transparenz opgeschafft gëtt, fir déi néideg Konsequenze kënnen ze zéien!

Facebook
Twitter