Budget 2016 : „Ausdrock vum politesche Wëllen, d’Land wirtschaftlech ewéi och sozial virun ze bréngen“

Am Mëttelpunkt vun deenen zwou Chamberssëtzungen vum Mëttwoch, 16. Dezember 2015 stoung den Optakt vun den Debatten iwwert de Budget 2016. Éischte Spriecher fir d’LSAP war den Alex Bodry.

De President vun der sozialistescher Fraktioun ass a senger Ried op den Haaptsujet vum Budgetsrapport, d’Nohaltegkeet vun eisem Wirtschafts- a Sozialmodell, agaangen. Am Detail huet hien d’Situatioun vun der Lëtzebuerger Economie an der domadder verbonnener Entwécklung vun der Beschäftegung analyséiert. Uschléissend huet den Alex Bodry sech mat de Recetten vum Staat an der geplangter Steierreform befaasst. Schliisslech huet den LSAP-Fraktiounschef en ausféierleche Bléck op d’Solidaritéit an d’Ëmverdeelung duerch e staarke Sozialstaat gehäit.

Dem Alex Bodry säi Fazit ass, dass de Budget fir 2016:

–     op realistesche makroeconomeschen Hypotheese fousst ;

–     de Virgaben vum Stabilitéitspakt entsprécht an d’Staatsschold ënner Kontroll behält ;

–     eng ganz héich Investitiounsquot virgesäit, fir onst Land op d’Zukunft virzebereeden ;

–     Ausdrock ass vun engem staarke Sozialstaat, dee Solidaritéit a Chancëgerechtegkeet grouss schreift.

„Dës Budgetsgesetzer fannen d’Zoustëmmung vun der LSAP-Fraktioun. Si sinn den Ausdrock vum politesche Wëllen vun der Koalitioun, dëst Land wirtschaftlech wéi och sozial virun ze bréngen“, esou den LSAP-Spriecher.

Hei dem Alex Bodry seng Ried fir nozeliesen (woubäi dat geschwatent Wuert zielt):

Budget 2016 Discours Alex Bodry

Facebook
Twitter