QP n°995 – DAP Inclusion

Här Präsident,  

Sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden. 

Engem rezenten Artikel aus der geschriwwener Press no, hunn d’Schülerinnen an d’Schüler vum neien DAP Inclusion grouss Schwieregkeeten eng Plaz an engem Ausbildungsbetrib ze fannen. Am zweeten an am drëtte Schouljoer vum DAP ass virgesinn, datt d’Kandidatinnen a Kandidaten dräi vu fënnef Wochendeeg an engem Betrib ausgebilt ginn, an zwee Deeg an der Schoul. Dem Artikel no, géingen d’Schülerinnen a Schüler vum DAP Inclusion vu potentiellen Ausbildungsbetriber ofgeleent ginn. De Grond wier, datt d’Aufgaben déi vun den Auszebildenden iwwerholl kënne ginn net an d’Kategorie vun der Fleeg falen. Deemno kënnen hir Indemnitéiten net wéi bei anere Formatiounen an dësem Beräich vun der Assurance dépendance finanzéiert ginn. D’Schülerinnen a Schüler vum DAP Inclusion dierfte just Aktivitéite mat de betreite Persounen ausféieren a keng Fleeg. 

 An deem Kontext géing ech dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil follgend Froe stellen: 

  • Hunn d’Häre Ministere Kenntnis vun dëser Problematik? Gëtt et eng Hëllefsstellung fir d’Schülerinnen a Schüler vum DAP Inclusion déi keen Ausbildungsbetrib fannen? Wa jo, wéi eng? 
  • Kënnen d’Häre Ministeren duerleeë wéi eng Aufgabe Schülerinnen a Schüler vum DAP Inclusion am zweeten an am drëtte Joer jeeweils an deene verschiddene Beräicher iwwerhuelen dierfen? 
  • Kënnen d’Häre Ministeren duerleeë wéi eng Aufgaben Absolventinnen an Absolvente vum DAP Inclusion iwwerhuelen dierfen? Wéi eng Attributiounen huet den DAP Inclusion an deene verschiddene Beräicher? 
  • Kënnen d’Häre Ministere matdeelen, wéi vill vun de ronn 50 Persounen, déi am Hierscht 2023 den DAP Inclusion ugefaangen hu fir dat zweet Joer ageschriwwe sinn, a wéi vill vun hinnen eng Plaz an engem Ausbildungsbetrib fonnt hunn? 
  • Wat ass de Montant vun den Indemnitéite fir den DAP Inclusion déi jeeweils virum PII an nom PII ab September 2024 virgesi sinn? 

 

Mat déiwem Respekt, 

Francine Closener  – Députée

 

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: QP n°955

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter