De Gemengeforum stellt sech nei op!
D’Simone Asselborn-Bintz, Buergermeeschtesch vu Suessem a Member am Syvicol wäert déi nächst zwee Joer un der Spëtz vum LSAP Gemengeforum stoen. Op der uerdentlëcher Generalversammlung hunn eis Gemengemandatairen hiert neit Präsidium gewielt. Vize-President gëtt den vierechten President David Viaggi, Buergermeeschter vu Biissen. Weider Memberen vum Präsidium sinn den Dan Biancalana (Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng, Vizepresident vum Syvicol & Member an der Commission des Affaires intérieures vun der Chamber), d’Flore Schank (Schäffin vun der Gemeng Feelen) & den Tom Bellion (Gemengeconseiller an der Gemeng Schengen).
<Weider Informatiounen zum LSAP Gemengeforum>
Pressekonferenz vum LSAP Gemengeforum
Déi politesch Agenda vum Gemengeforum, de Fonktionnement als Denkfabrick an Echange-Plattform an de neie Präsidium goufen op der Pressekonferenz den 23. Februar an der Parteizentral zu Gaasperech vum LSAP Parteipresident Dan Biancalana an der neier Gemengeforum Presidentin Simone Asselborn-Bintz virgestallt.
Hei fannt dir de Pressecommuniqué op Däitsch & Franséich: