D’LSAP fuerdert eng parlamentaresch Spezialkommissioun fir d’Tripartite

D’LSAP begréisst et, datt d‘Tripartite gëschter ee prinzipiellen Accord fonnt huet, fir de Familljen an de Leit ze hëllefen, fir d’Betriber ze stäipen a fir d’Inflatioun ze bekämpfen. Nodeems sech d’Regierung laang schwéier gedinn huet, fir eng Tripartite anzeberuffen, weist d’Resultat, datt dat de richtege Wee ass. Wann de Wëllen do ass, fir matenaner ze schwätzen, fënnt een och Léisungen. Sou funktionéiert de Lëtzebuerger Sozialmodell a mir si frou datt d’Regierung endlech dohinner fonnt huet.

Mindestloun

D’LSAP begréisst, datt hier Fuerderung, vun enger Erhéijung vum Mindestloun vun 200 Euro an Etappen iwwerholl ginn ass. Wien schafft, muss vu senger Aarbecht liewe kënnen. Och wann d’LSAP aner Finanzéirungsmechanismen virgezunn hätt, wei ee vum Staat finanzéierte Steierkredit, ass et am Endeffekt wichteg, datt d’Sue bei deene Léit ukommen, déi se am meeschte brauchen. Dëst ëmsou méi an enger Zäit, wou wéinst der internationaler Kris de Präis vum alldeegleche Liewen ëmmer méi deier gëtt.

Energiekäschten

Bei der ugekënnegter Präisbrems vun der Energiepräisser gëllt et elo op den Detail ze waarden. Prinzipiell ass d’LSAP net géint eng Baisse op Pëtrolsproduite fir d’Inflatioun ze bekämpfe wann se an der Zäit kloer delimitéiert ass. Mëttel a laangfristeg muss et d’Strategie awer sinn, op erneierbar Energie ze setze fir méiglechst onofhängeg vu Krisen, wei mir se elo mam Iran-Konflikt erliewen, ze ginn. Dofir begréisse mir d’Mesurë wei Hëllefe fir Wärmepompelen oder de soziale Leasing fir déi sozial-ekologesch Transitioun ze ënnerstëtzen. Fir d’LSAP ass et eng Prioritéit, datt d’Hëllefen och bei deenen ukommen, déi se brauchen, wei zum Beispill Locatairen, déi selwer net iwwert eng Renovatioun decidéiere kënnen.

Käschtepunkt

De geschate Käschtepunkt vu 450 Milliounen Euro op 2 Joer ass grouss a muss als Investissement gesi ginn, fir dës Kris zesummen ze meeschteren. Eis beonrouege méi déi vill aner geplangten Ausgaben, bei deenen d’Regierung net seet, wei si se géigefinanzéiere wëll. Wei d’Ausgabe fir d’Defense, déi ronn 4,4 Milliarden an deenen nächsten 3 Joer ausmaache wäerten. Oder d’Steierreform, déi de Staat 1 Milliard pro Joer kaschte wäert. Do kann d’Politik net einfach d’Aen zoumaachen.

Ëmsetzung vum Mesurëpak

Ausdrécklech frou ass d’LSAP datt de Sozialdialog erëm funktionéiert. Lëtzebuerg kann sech ee Sozialsträit, wéi d’Regierung en an de 2 leschte Jore provozéiert huet, net leeschten.

D’LSAP fuerdert de Premier och op, vun Ufank u d’Chamber mat anzebannen. De Premier Minister muss d’Chamber am Detail informéieren, wéi d’Tripartite-Mesuren ausgesinn an d’Chamber muss mat agebonne ginn, fir des Mesuren ëmzesetzen. Duerfir fuerdere mir eng parlamentaresch Spezialkommissioun, déi sech mat deenen Texter befaasst, déi de Mesurëpak ëmsetze sollen.

Eis Aufgab als gréissten Oppositiounspartei ass et och ganz genee nozekucken, datt d’Mesuren och wierklech bei de Leit ukommen a net just um Pabeier gutt kléngen. Mir wäerten dofir de Mesurëpak  no sengem reellen Impakt bewäerten: Hëllefen d‘Mesuren de Leit effektiv, séier a geziilt? Dat ass fir eis déi entscheedend Fro.

Facebook
Email
WhatsApp