“D’Mini-Crèchen : eng zousätzlech Offer fir eng héichwäerteg Kannerbetreiung” – Tribune libre vum Aurore Rössler

“Déi sougenannte Mini-Crèchë sinn eng zousätzlech Offer fir eng héichwäerteg Kannerbetreiung. Grad a ländleche Géigenden, wou Crèche-Platze méi rar geséit sinn, kënne si hëllefen Enkpäss ze behiewen.” Dat seet d’Aurore Rössler an hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch). D’Educatrice a Kandidatin op der LSAP-Lëscht am Wahlbezierk Osten fir d’Chamberswahle vun dësem Oktober plädéiert fir eng Nobesserung beim Betreiungsschlëssel an alle Strukturen. Hei hir fräi Tribün fir nozeliesen an um LSAP-Radio nozelauschteren.

 


 

D’Mini-Crèchen : eng zousätzlech Offer fir eng héichwäerteg Kannerbetreiung.

 

Deemnächst stëmmt d’Chamber iwwert eng nei Form vu Kannerbetreiung of. Déi sougenannte Mini-Crèchë sollen d’Offer an deem Domaine beräichere – grad a ländleche Géigenden, wou Crèche-Platze méi rar geséit sinn, kënne si hëllefen Enkpäss ze behiewen.

Grondsätzlech fanne mir et als LSAP gutt a richteg fir d’Offer an der Kannerbetreiung méi breet opzestellen. Déi geplangte Mini-Crèchë kënne vill Virdeeler hunn: fir d’éischt emol fir d’Kanner, well hiert Wuel muss hei am Virdergrond stoen.

Effektiv ass et fir eng Partie Kanner besser, wa si a méi engem klengen a perséinleche Kader betreit gin…  A mat méiglechen Ëffnungszäiten tëscht 5 Auer moies an 11 Auer owes kënnt dës Offer och virun allem deene Leit entgéint, déi Schichte schaffen.

An enger Mini-Crèche mussen op d’mannst zwou Betreiungspersoune schaffen, dovunner eng mat minimum engem Educateurs-Diplom, déi aner brauch eng Formatioun am „encadrement socio-éducatif“ oder als Dageselteren. D’Personal muss, grad wéi an deenen anere Betreiungsstrukturen, op d’mannst 32 Stonne Weiderbildung op 2 Joer maachen.

Maximal 11 Kanner dierfe gläichzäiteg an der Mini-Crèche betreit ginn, mat maximal 4 Bebeeën ënnert engem Joer. An: op 1 Betreier dierfen net méi wéi 6 Kanner kommen.

D’Mini-Crèchë brauchen en Agreement, a kënne souwuel beim Programm vum Chèque-Service Accueil an deem vun der “Education plurilingue” matmaachen. Dofir musse si di néideg Qualitéits- a Qualifikatiounscritèren erfëllen. Dës Critèren, déi equivalent sinn zu deenen an de méi grousse Betreiungs-Strukturen, sollen dofir suergen, dass och d’Mini-Crèchen de Kanner en héichwäertegen Encadrement kënne bidden…

Allerdéngs ass Pabeier gedëlleg – méi wichteg ass et um Enn, dass all déi Oplagen och tatsächlech agehale ginn. Dofir menge mir als LSAP, dass genuch personell a finanziell Moyenen zur Verfügung musse stoen, fir Kontrollen um Terrain ze maachen an d’Betreiungsstrukturen an hirem Opbau an hirem Fonctionnement ze begleeden.

Mir gesinn de Risiko, dass d’Personal an de Mini-Crèchen, déi jo di selwecht Missiounen ze erfëllen huet wéi déi méi grouss Betreiungsstrukturen, um Enn debordéiert ass, permanent Iwwerstonne maache muss an iergendwann total iwwerfuerdert ass! An dat ass dann och schlecht fir d’Kanner.

Mir mengen dass beim Betreiungsschlëssel an alle Strukture muss nogebessert ginn: mir brauche méi a nach besser qualifizéiert Personal, dat sech em eis Kanner këmmert.

Eis als LSAP schéngt et dofir och wichteg, Betreiungspersonal net mat endlosen administrativen Aufgaben zou ze schëppen. Natierlech ass eng gutt Dokumentatioun néideg, well se hëlleft d’Qualitéit ze kontrolléieren an ze verbesseren, mee eng administrativ Vereinfachung muss konsequent verfollegt ginn.

An éischter Linn musse mer awer Kanner am A hunn: als LSAP si mir fir eng Limitatioun vun de Stonnen déi e Kand pro Dag an enger Betreiungsstruktur ka verbréngen.

Betreiungsstrukturen a Mesuren, fir den Elteren et z’erméiglechen, Beruff a Famill ënnert een Hutt ze bréngen, si komplementar. D’LSAP wëllt dofir dass béid Eltere – nom Congé parental – solle kennen Deelzäit schaffen an dono och nees zréck a Vollzäit goen. Well erfëllten Elteren hunn och zefridde Kanner.

Kanner sinn de Grondsteen vun eiser Gesellschaft! Dofir setze mir eis an fir eng modern Familljepolitik an eng héichwäerteg Betreiung!

 


 

Facebook
Twitter