Editorial vun eiser Newsletter vum 03.07.2020

Iech geet et bestëmmt ewéi mir, dir kennt d’Wierder „Confinement“ an „Déconfinement“ bal net méi héieren. An awer ass et wichteg grad elo e méi kritesche Bléck ob ons Aarbechtswelt an d’Zuele vum Chômage ze geheien.

D’Directive „Bleift doheem” huet besonnesch d’Beruffswelt op d’Kopp gestalt. Di allermeescht vun eis hu sech séier missten ëmstellen, den Drock ob jidder eenzele vun eis ass gewuess. Virun der Corona-Kris war eise Chômage-Taux an der Baisse, an trotz all de Moossname vun eiser Regierung ass de Chômage am Abrëll 2020 op 6,95% geklommen. Wéi d’ADEM preziséiert, kennt des Erhéijung dohier, dass d’Betriber wärend der Kris net méi agestallt hunn. Fir vill Leit huet sech d’Fro gestallt wéi d’Zukunft um Aarbechtsmarché wäert ausgesinn.

Déi wirtschaftlech Folge vun der Corona-Pandemie stellen de Marché virun eng enorm Erausfuerderung. D’Covid-19-Kris huet zu engem déiwen Aschnëtt an der Lëtzebuerger Ekonomie gefouert. Wéi prägnant d’Auswierkungen op laang Siicht sinn, ass zum haitegen Zäitpunkt nach net genau ofzeschätzen. Ëmsou méi wichteg ass et dass mir als Sozialisten elo dorop oppassen, dass des sanitär Kris net zu enger Sozialer gëtt!

D’Aarbecht ass eng zentral Viraussetzung fir déi gesellschaftlech Integratioun. Se séchert net nëmmen eist Akommes, mee suergt och fir e Bezéiungsnetz ausserhalb vun der Famill a gëtt eis d’Gefill vu Sécherheet an Unerkennung. De Chômage kann zu psychesche Problemer féieren, Depressioune verschlëmmeren an negativ Emotiounslagen kenne sech verstäerken Et besteet och de Risiko dass déi Betraffen aus der Nout eraus hiert Doheem verléieren oder krank ginn. Et ass also immens wichteg dem Chômage entgéintzewierken, fir dass méiglechst kee vun eis säin Doheem verléiert oder awer duerch eis sozial Netzer rutscht.

All déi stabiliséierend Moossnamen, déi eng rout Handschrëft droen, hunn dozou gefeiert dass eng massiv sozial Kris wärend dem Confinement konnt verhënnert ginn. Den Dan Kersch huet besonnesch mat Moossnamen wéi dem Entloossungsverbuert, der Ouverture vun der Kuerzaarbecht, an der Garantie vum Mindestloun wärend dëser Zäit, vill gutt Entscheedunge getraff. De Romain Schneider huet duerch d’Erweiderung vum Congé aus familiäre Grënn, de Krankmeldungen zu 100% op Käschte vun der Gesondheetskeess an déi temporär Ausserkraftsetzung vun der 78-Wochen-Frist, fir besser staatlech Sozialleeschtunge gesuergt. An och de Franz Fayot huet sech fir kompetent, ekonomesch Hëllefe fir ons Betriber staark gemaach, fir dass mer zesummen de Wee aus der Kris fannen.

Och wann déi sanitär Kris iwwerstanen ass, wäert en Deel vun eis wuel net méi esou schaffe wéi virdrun. Eisen Aarbechtsmaart huet an der leschter Zäit e strukturelle Wandel duerchgemaach, deen duerch d’Kris nach beschleunegt gouf. Ech schwätzen do besonnesch vun der Digitaliséierung, an dem Home-Office, deen déi ganz Aarbechtswelt virun néi Erausfuerderunge stellt. Mir hunn och scho virdru vill vun dësen Erausfuerderunge geschwat. Dovun, dass de gesetzleche Kader muss adaptéiert ginn, fir dass de Schutz vun de Salariéen net ënnergruewe gëtt, an dovun dass de Staat Betriber bei der Transitioun muss ënnerstëtzen. Déi sanitär Kris huet dëse Prozess enorm beschleunegt an et gëtt domat ëmsou méi wichteg, dass d’Politik proaktiv hëlleft, des Ëmstellung ze meeschteren.

Mir setzen all an engem Boot – Salariéen esou gutt ewéi Betriber. All mam selwechten Zil, schaffe mer drun, dass de Betrib des Kris iwwerlieft. E funktionéierende Sozialdialog ass fir des Aufgab esou wichteg wéi séit Joren net méi. D’Aufgab vun der Politik ass et elo dofir ze suergen dass d’Ofhängegkeet vum Salarié vu sengem Patron net dozou féiert dass d’Aarbechtsrecht ausser Kraaft gesat gëtt. Et besteet d’Gefor dass d’Salariéen zu engem modernen Sklav vum Patron ginn, well se hier Aarbecht net wëlle verléieren, an dem Betrib wëllen hëllefen. Och bestoend Rechter, wéi zum Beispill eis 40-Stonne-Woch oder den 8-Stonnen-Dag, riskéieren erëm zur Diskussioun ze stoen. Hei brauche mer eng staark a gutt opgestallten Kontroll.

Dofir soll d’Aarbechtsmaartpolitik net nëmmen ob kuerzfristeg ekonomesch Effekter ausgeriicht sinn, mee als gesellschaftlech integrativ Politik ugesinn, an och deementspriechend gestalt ginn.

An hei vertrauen ech op ons sozialistesch Mandatairen, an dëst net nëmmen an der Aarbechtswelt, awer och an der Stäerkung an um Ausbau vum Gesondheetsberäich, der Sécurité Sociale, der Bildung, dem ëffentlechen Transport, de Gemengeservicer,…je alles wat am Interêt Général vun eisem Land steet. Bei all dëse Froen si mir Sozialiste gutt opgestallt fir Äntwerten ze ginn. Eis Grondwäerter vu Solidaritéit, Gerechtegkeet, Fräiheet a Sécherheet wäerten eis dobäi leeden.

Tina Koch

Facebook
Twitter