Editorial vun der Oktober-Newsletter

An dëser Newsletter ginn dräi wichteg Themen ugeschnidden, déi ech den Ament mat besonneschem Interêt suivéieren well se letztendlech allen dräi fir mech zesummenhänken. Wann an dësen Zäiten den Thema vun der mentaler Gesondheet nach méi wéi soss an de Virgrond geréckelt ass, dann concernéiert des eis Kanner a Jugendlecher an der Schoul an awer och déi schaffend Leit, wou den Horeca-Secteur besonnesch un de Folgen vun der Pandemie ze knaen huet.

Wat mécht des Pandemie mat de Leit, déi sech eng Perspektiv, eng Zukunft wëllen opbauen an deenen, deenen hire Liewensprojet riskéiert a Gefor ze geroden? Op wat kënne si sech konkret stäipen wann eng Krise vun esou enger Stäerkt si an hire Fundamenter trëfft?

Ech wëll hei besonnesch op d’Situatioun vun de Kanner an de Jugendlechen agoen. Sie ginn an hirer Liewensfreed, an hirem Elan gebremst wann d‘Gesellschaft vun hinnen erwaart si sollen sech vun anere Mënschen ewechhalen, hir Kolleegen net méi esou dacks gesinn oder se sollen drop verzichten zesummen ze feieren. Dat geet géint hir Natur, déi se erausdreift fir d’Welt ze erueweren a kennenzeléieren. Mee et besteet keng Alternativ bis mir de Virus am Grëff hunn.

Dofir musse mir hinnen nach méi Versteesdemech a Matgefill entgéintbréngen a mir däerfen net vergiessen dass si op dëst alles verzichten, net fir sech an éischter Linn selwer ze schützen, mee fir dass déi eeler Generatiounen net sollen a Liewensgefor geroden. Dofir wëll ech mat de Kolleegen aus der Regierung a menger Equipe aus dem Santésministère kucken, fir verstäerkt Pisten auszeschaffen, fir di jonk Generatioun méi resilient ze maachen. Wéi des Regierung ugetrueden ass, huet si sech dozou engagéiert en nationale Plang vun der mentaler Gesondheet auszeschaffen. Mir schaffen drun!

 

Paulette Lenert,

Gesondheetsministesch

Facebook
Twitter