Mir si prett fir d’Europawalen!

E staarkt, gerecht a soziaalt Europa gëtt et nëmme mat de Sozialisten! Duerfir LSAP!

Mir si prett fir d’Europawalen!

E Nationalkongress ganz am Zeeche vun den Europawalen. De Generalsekretär Tom Jungen huet de Kader schonns bei der Ouverture vum Kongress gesat, d’Parteipresident.inn.e Francine Closener an Dan Biancalana hunn duerno der LSAP hir Positiounen ënnerstrach an e klore Profil gewisen: mir stinn zu eise Valeure vu Gerechtegkeet, Fräiheet, sozialer Gerechtegkeet a Fridden. An dat gëllt esou gutt fir d’Nationalpolitik wéi fir Europa.

Staark Kritik gouf et duerfir an de President.inn.en hirer politescher Ried un der Regierung, besonnesch dem Inneminister an dem Premierminister. Si sinn dobäi, e geféierlecht Spill op Käschte vun den Schwächsten an den Äermsten an eiser Gesellschaft ze spillen. Et ass mënscheveruechtend Weltbild dat CSV & DP den Ament weisen, ouni Schimmt lafen se de Rietsextreemen no, an iwwerhuelen hir Iddien, fir um rietse Bord Stëmme fänken ze goen. Dat erlieft een an der Majoritéit hirer Alldagspolitik hei zu Lëtzebuerg, an dat kann een noliesen am Europawalmanifest vun der EVP, dem europäesche Bündnis vun de chrëschtlech-konservative Parteie, wou och d’CSV aktive Member ass.

Un eis, der LSAP, ass et, de Leit d’Angscht ewech ze huelen, déi déi Riets a Konservativ hinne maachen. Duerfir musse mer erëm Politik maachen, mat eise Valeure vu sozialer Gerechtegkeet a Solidaritéit, an eis asetzen, fir den Ënnerscheed och an Europa ze maachen. D’LSAP muss erëm Politik maachen, wou et em de Mënsch geet, zemools an Europa. Nëmmen d’Sozialiste garantéiere sozial Gerechtegkeet, Klima-Gerechtegkeet,  anstänneg Aarbechtsplazen,  fair Paien,  d‘Recht op anstännegt Wunnen,  eng staark Wirtschaft, Gendergerechtegkeet,  de Respekt vun de Mënscherechter. Nëmmen d’Sozialiste garantéieren eng gutt Zukunft fir all Mënsch.

Eng staark Lëscht mat staarke Kandidat.inn.en

Och de Generalsekretär Tom Jungen ass a sengem Aktivitéitsrapport doropper agaang, datt d’LSAP elo muss méi ewéi jee Faarf bekennen. Well d’LSAP ass d‘Partei vun de schaffende Leit, vun de Leit, déi soss keng Stëmm hunn, wann déi grouss Decisioune geholl ginn. D’Partei muss sech bewosst sinn datt eis natierlech Alliéiert d’Gewerkschafte sinn, déi fir Gerechtegkeet kämpfen, a net d’Patronat dat fir seng Privileegie lobbyéiert.

D’Lëscht fir d’Europawale, mat de Spëtzekandidat.inn.en Danielle Filbig a Marc Angel, esou wéi dem Liz Braz, dem Michaela Morrisova, dem Mars di Bartolomeo an dem Franz Fayot ass vum Kongress mat 97% approuvéiert ginn.

Hinnen huet de Robert Meis, deem säin Häerz als Gewerkschaftler lénks schléit, an deen 1979 fir d’LSAP mat an déi éischten Europawale gaangen ass, mat op de Wee ginn, datt Europa e Projet fir de Fridden an déi sozial Gerechtegkeet ass. An dat et duerfir wichteg ass, sech géint Riets ze stellen, hir Politik ze entlarven, a sech fir sozial Gerechtegkeet a Chancëgerechtegkeet ze engagéieren.

Dat si dat maachen, an dat Europa hinnen um Häerz läit, hunn d’Kandidat.inn.en bei der Präsentatioun vum LSAP Europamanifest ënnerstrach.

 

En Europa mat Häerz // En Häerz fir Europa

Fir de Marc Angel steet ganz kloer de Mënsch am Häerz vun Europa, en Europa dat mir sozial gestalte mussen, fir datt déi schaffend Leit net op der Streck gelooss ginn. E faire Mindestloun, gutt a sécher Aarbechtsplaze sinn de Motor vum soziale Fortschrëtt, deen et all Mënsch méiglech mécht, seng Plaz an Europa ze hunn.

En Europa gestalte, an deem mer och nach muer gutt liewe kënnen, läit dem Michaela Morrisova um Häerz. Mir mussen esou séier wéi méiglech klimaneutral ginn, well „et geet net nëmmen em immens vill, mee et geet em alles“. Duerfir brauche mer eng seriö Ëmweltpolitik, déi mer zesumme mat de Leit, mat den Acteuren, mat de Baueren, mat de Betriber maachen. Nëmmen e „Green Deal mat engem rouden Häerz“, bréngt ekologesch a sozial Gerechtegkeet.

Och de Franz Fayot huet op de soziale Volet vun der ekologescher Transitioun gepocht. Duerfir musse mer eis Wirtschaft ëmdenken, nei Weeër goen. Well d‘Wirtschaft ass kee Selbstzweck, fir de Profit ze steigeren, mee d’Wirtschaft ass do fir datt et der Gesellschaft an de Leit déi an der Gesellschaft liewen aschaffen, besser geet. Dat geet nëmme am Respekt vun de soziale Rechter vun den Aarbechter, dem Respekt vun der Ëmwelt an dem Schutz vum Konsument. Un Europa ass et, hei eng Virreiderroll an der Welt ze iwwerhuelen!

En Europa an deem et all Mënsch gutt geet, ass en Europa ouni Diskriminatioun, en Europa vun der Gläichberechtegung an der Chancëgerechtegkeet, dat huet d’Liz Braz ënnerstrach. Duerfir brauche mer e staarke Rechtsstaat, deen op Solidaritéit opbaut, deen all Mënsch Zukunftsperspektive bitt. Zemools elo ass et wichteg, datt dëst Europa och e feministescht Europa ass, en Europa dat d’Leit net op Grond vun hirem Gender, sexueller Orientatioun, ethnescher a sozialer Hierkonft klasséiert. En Europa an deem d’Mënsche fräi sinn – a wou 80 Joer nom 2. Weltkrich d’Rietsextrem an d’Faschisten net erëm dierfe salonsfäeg gemaach ginn.

Fir dat fäerdeg ze brénge musse mer de Leit e gutt Liewen erméiglechen, dat net op Egoismus a Jalousie opgebaut ass, sot de Mars di Bartolomeo. Nëmmen eng staark Gesellschaft kann dëst erreechen, eng Gesellschaft déi solidaresch denkt an handelt. Hien huet drun erënnert, datt villes, wat haut selbstverständlech ass, vun de Gewerkschaften an de Lénksparteien huet missen erkämpft ginn. Do musse weider fueren, an duerfir suergen, datt d’Grondversuergung vun de Bierger.inn.e garantéiert ass: Gesondheet, sozial Ofsécherung, Bildung, abordabelt Wunnen … mussen an der ëffentlecher Hand bleiwen an dierfen net privatiséiert ginn, fir datt d’Chancëgerechtegkeet Realitéit gëtt.

Well nëmmen e staarkt, soziaalt Europa huet eng Plaz an der Welt, a spillt international eng Roll.Fir d’Danielle Filbig musse mer an Zäite vu Krich op der Welt – dem richtegen an dem Wirtschaftskrich –, an Europa zesummen halen, an eis Wäerter vu Fridden, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet verdeedegen. Nëmme wa mer zesummen halen, hu mer eng Stëmm mat Gewiicht an der Weltpolitik, nëmme wa mer staark sinn, gi mer eescht geholl. An duerfir ass et wichteg, datt Europa sech net splécke léisst, seng Gesellschaft net splécke léisst. An dat geet nëmme wann de Mënsch am Häerz vun Europa steet.

De Manifest fir d‘Europawale gouf eestëmmeg vum Kongress ugeholl.

„Eisen Nico“, europäesche Spëtzekandidat fir d’Sozialist.inn.en a Sozialdemokrat.inn.en

Datt “eisen Nico“, den LSAP Politiker Nico Schmit, den europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialist.inn.en a Sozialdemokrat.inn.en Europa ass, ass eng Éier fir Lëtzebuerg a fir d’LSAP – a beweist, datt mir als kléngt Land vill kënne bewierken.

Dem Nicolas Schmit seng Ried war eng Ried mat Häerz. Europa ass eis Hoffnung, déi eenzeg Hoffnung fir haut a fir d’Zukunft, huet hien ënnerstrach. D’Sozialist.inn.en hätte bewise, datt Europa kann anescht, méi sozial a méi gerecht, gestalt ginn, an duerfir bräichte mir och keng Lektiounen ze kréie vun anere Parteien – déi net de Mënsch, mee Eegenintressien op hirer Agenda stoen hunn. Eis geet em d’Mënschen an Europa: Kanneraarmut, Plattformaarbecht, sozialen Ofbau – dat sinn alles Skandaler an eisem Europa vun haut, an do musse mer dergéint kämpfen, konkret virgoen. D’Wirtschaft an Europa muss aktiv, offensiv an intensiv op d’ekologesch Transitioun  virbereet ginn, op de Green Deal mam rouden Häerz, eng Transitioun déi sozial gerecht ass. Duerfir muss Europa net nëmme wéi bis elo kucken, op politesch a privatwirtschaftlech Decisioune mat der Konkurrenzklausel kompatibel sinn. Dem Nicolas Schmit säi Verspriechen ass, datt hien des Approche fundamental ännert: An „eisem Europa“ gëllt d’sozial Kompatibilitéit op d’mannst esou vill ewéi d’Konkurrenzrecht, an „eisem Europa“ gëtt fir d’éischt nom Mënsch gekuckt.

E staarkt Joer fir d’LSAP – All Member zielt!

Nieft dem Lancement vun der Europawalcampagne war de Nationalkongress zu Mamer, duerch deen d’Vanessa Tarantini als Presidentin vum Kongressbureau gefouert huet, och Ulass fir op d’Liewe vun der Partei am leschte Joer zeréck ze kucken. De Generalsekretär Tom Jungen huet e positive Bilan gezunn. D’Parteizentral gouf nei besat a strukturéiert, d‘120 Joer Feier vun der LSAP war deemools den Depart fir en Ëmbroch, deen haut seng Friichten dréit. Et gouf mat alen Traditioune gebrach um Wee an eng nei Ära: d’Ära vun enger moderner, fortschrëttlecher Lénkspartei, déi zënter jee hir trei zu hire Valeure steet. D’Partei konnt sech esou verstäerken an diversifizéieren, vill Jonker a Frae sinn zënter hir bei d’LSAP komm.

Effikass Aarbecht an e gutt Joer fir d’LSAP sinn dann och d’Resultat vun dësem Renouveau. D’Walcampagne si gutt a professionell gehandhaabt ginn, mam Paulette Lenert als ganz gudden a richtege Choix fir d’Spëtzekandidatur. D’LSAP konnt esou och gestäerkt ginn an de Walen, mee huet awer mussen an d‘Oppositioun goen – elo heescht et no vir kucken, weider ze schafen an d’Leit vun eisen Iddien ze iwwerzeegen.

Dat klappt den Ament gutt, och well d’Parteizentral sech esou organiséiert huet, datt si d’Member, d’Sektiounen an d’Bezierker vun der LSAP aktiv ënnerstëtzt a sech em si bekëmmert. D’Membere sinn d’Häerz vun der Partei, all eenzelne Member zielt, fir datt mer als Partei selbstbewosst a staark optrieden – dat ass de Leitfaden vun der Ekippaus der Parteizentral ronderëm de Parteimanager Ben Streff.

Duerfir gouf och eng grouss Rekrutéierungscampagne gestart, „+1 – All Member zielt!“, déi elo schonns e grousse Succès ass. Iwwer 70 nei Member konnten an e bësse méi wéi engem Mount begréisst ginn – mat den iwwer 400 nei Member, déi d’lescht Joer rekrutéiert goufen, ass d’LSAP um richtege Wee, et ass e Beweis, datt mer déi richteg Politik maachen.

Dat huet och d’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding ënnerstrach,wéi se de Bilan vun der Aarbecht vum parlamentaresche Grupp vun der LSAP gemaach huet. Et wier net einfach gewiescht, ëmzestelle vu Regierungspolitik op Oppositiounspolitik, d’Aart a Weis wéi geschafft gëtt ass do eng ganz aner. Mee d’LSAP ass séier an der Oppositioun ukomm, a schreift sech op de roude Fändel, eng Politik ze maachen, déi de Fanger an d’Wonn leet, Saachen ze änneren an deem se Zeeche setzt, a wann d’Regierung Politik mécht, déi net kompatibel mat eise Valeure fir eng gerecht Gesellschaft sinn, gëtt och emol gejaut an op d’Tromm geschloe. Zemol bei der momentaner Regierung, an där Minister net méi zécken, ze léien, ass dat wichteg – an dat si mer eise Wieler schëlleg.

Eng staark Partei brauch och Moyene fir ze existéieren, zemools a Jore wou Walcampagnë musse finanzéiert ginn, an et mussen och genuch Fongen do sinn, fir d’Sektiounen an d’Bezierker ze ënnerstëtzen. De Joresbilan ass duerfir negativ, d‘Partei huet e Verloscht vu ronn 760.000 Euro gemaach. Den Tresorier Sascha Pulli huet awer ënnerstrach, dat d’Partei dësen Defizit iwwer déi nächst Joer kann ofbauen, an huet eng Cotisatiounserhéijung virgeschloe, déi och vum Kongress ugeholl gouf. Fir Mindestlounempfänger a Leit, deenen hire Revenu ënner dem Mindestloun läit, ännert näischt. Fir déi Member mat engem méi groussen Akommes gëtt d’Cotisatioun, déi zënter iwwer 15 Joer net méi ugepasst gouf, ab 2025 op 50€ (Akommes bis 3x de qualifizéierten Mindestloun) respektiv op 75€ (Akommes iwwert 3x dem qualifizéierten Mindestloun) d’Joer fixéiert.

De Finanzbericht gouf, nodeem d’Josée Jaerling fir d’Kontrollkommissioun gréng Luucht ginn huet zesummen mat deenen anere Rapporte vum Kongress ugeholl.

Facebook
Twitter