Mär, d’Jonk Sozialiste vu Schëffleng wëllen Äerch alleguerten häerzlech op déi zweet Editioun vun eisem Quizowend anlueden, deen den 28. Abrëll 2023 am Ritt stattfennt.
Där kënnt Äerch als Grupp vun 3-6 Léit unmëllen, d’Startgeld pro Participant bedréit 5€.
Umëllen kënnt dir Äerch per Nochricht hei op eiser Facebooksäit, eiser E-Mail oder iwwert den 621 474 447 mat den Nimm vun Ären Léit, di mat Äerch an der Grupp sinn an engem Spëtznumm fir Är Grupp.
Fir Iessen a Gedrenks ass gesuergt. Et gi flott Kadoen ze gewannen :)!
Mir freen eis op Äerch!