Déi Jonk Sozialisten Zentrum an d’Stater Sozialisten invitéieren op eng Panel-Diskussioun zum Thema “Tëschent Reguléierung an Innovatioun: Lëtzebuerg als zukünftegen KI-Hub” an der Foundry. An dëser Ronn treffen Expert•innen a Politiker•innen openeen, fir wichteg Froen a Perspektiven am Hibléck op KI zu Lëtzebuerg ze diskutéieren.
🧠 Theme vun der Diskussioun:
– D’Roll vu Lëtzebuerg als KI-Innovatiounszentrum
– Herausfuerderungen und Chancen vun der KI-Reguléierung
– KI a Wirtschaft: Wéi gestalt KI d’Zukunft vu Lëtzebuerg?
💬 Haalt äer Froe prett. D’Panelist•innen freeë sech op är Froen ze äntweren.
De Panel fënnt op Däitsch statt.
Kommt laanscht a féiert spannend Diskussiounen. Mir freeën eis iech op iech!