Faarf bekennen – Solidaritéit mam Matthias Ecke

 

Faarf bekennen – Solidaritéit mam Matthias Ecke

 

Dëse Weekend ass et an Däitschland zu engem besonnesch tragesche Virfall komm. Den SPD-Spëtzekandidat fir d’Europawalen a Sachsen, de Matthias Ecke, gouf wärend dem Ophänke vu Plakater zesummegeschloen. Mir drécken him an der ganzer SPD eis komplett Solidaritéit aus, wënschen eng gutt Besserung a sti geschlosse Säit u Säit. Den „Wir werden sie jagen“, dee vu rietse Parteie propagéiert gëtt, huet de Wee aus dem politeschen Discours an d’Realitéit fonnt. Dëst ass fir eis ganz kloer d’Resultat vun engem politeschen Toun, deen ëmmer méi rau gëtt, gedriwwe vu rietsen a rietsextreme Parteien.

Mir wieren eis géint all Form vun Extremismus. Fir eis als LSAP ass et kloer: Et wäert et ni eng Zesummenaarbecht mat rietsextreme Parteie ginn!

Hei de Link bei de Communiqué:
https://bit.ly/Faarf_Bekennen

Facebook
Twitter