D’Lëtzebuerger Sektioun vun der AICA (“Association internationale des critiques d’art”) huet 2005 de Projet “Kiosk” lancéiert. Dëse Projet huet eng Rei vun Ausstellungen am Häerz vum ëffentleche Raum vun der Stad Lëtzebuerg, am eidelen Zeitungskiosk op der Bréisseler Plaz mat sech bruecht. Jonk Artiste konnte vun dësem siichtbaren Espace, den d’Landschaft vun der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg completéiert, profitéieren. Ausserdeem ass de Pavillon, well en typesch fir d’60er Joren ass, vu groussem historesch-architekturalem Wäert.
Am Kader vun der Sanéierung vun der Adolphe-Bréck, huet de Pavillon missen ewech geholl ginn, fir en Zougang zum Chantier ze erlaben. Den 19. Dezember 2012 beim Vote iwwert de Projet de loi iwwert d’Renovéierung vum Pont Adolphe huet den deemolegen Infrastrukturminister op eng Fro vum LSAP-Deputéierten Marc Angel ënnerstrach, dass de Pavillon no den Aarbechten un der Bréck op senger aler Plaz nees géif opgebaut ginn a seng al Funktioun erëm kréich: “… e ka während dem Chantier net gehale ginn, well u sech de Chantier och op där doter Plaz natierlech muss geleet ginn, muss gemaach ginn. Duerfir kann een en net während dem Chantier stoe loossen. E soll awer duerno erëm dohinner kommen, zu där doter Funktioun …“.
An dem Kontext wëll de Marc Angel elo an enger parlamentarescher Fro vun de Ministere fir Infrastrukturen a Kultur gewuer ginn, ob de Kiosk op der ugeschwater Plaz zu dem ugeschwaten Zweck erëm opgebaut gëtt, wéini e seng Dieren op mécht, ob d’Architektur vum ale Pavillon wäert respektéiert ginn a schliisslech wou de Pavillon aktuell stockéiert gëtt.
Monsieur Mars Di Bartolomeo
Président de la Chambre des Députés
Luxembourg
Luxembourg, le 6 mars 2017
Monsieur le Président,
Conformément à l’article 80 du règlement de la Chambre des Députés, j’ai l’honneur de poser la question parlementaire suivante à Monsieur le Ministre du Développement durable et des Infrastructures et à Monsieur le Ministre de la Culture.
La section luxembourgeoise de l’AICA (Association internationale des critiques d’art) a lancé en 2005 le projet « Kiosk ». Ce projet a depuis donné lieu à une série d’expositions au cœur de l’espace public de la ville de Luxembourg, dans le kiosque à journaux désaffecté à la Place de Bruxelles. De jeunes artistes ont pu profiter de cet espace visible qui complète le paysage de l’art contemporain au Luxembourg. Le pavillon est par ailleurs d’une grande valeur architecturale historique, car typique des années soixante.
Dans le cadre de la réhabilitation du Pont Adolphe, le pavillon a dû être enlevé pour permettre l’accès au chantier. A ma question lors du vote du 19 décembre 2012 sur le projet de loi portant réhabilitation du Pont Adolphe, l’ancien Ministre du Développement durable et des Infrastructures avait souligné que le pavillon devait être reconstruit à son emplacement habituel et retrouver sa fonction initiale après les travaux de réhabilitation : « … e ka während dem Chantier net gehale ginn, well u sech de Chantier och op där doter Plaz natierlech muss geleet ginn, muss gemaach ginn. Duerfir kann een en net während dem Chantier stoe loossen. E soll awer duerno erëm dohinner kommen, zu där doter Fonctioun … ».
Dès lors, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre du Développement durable et des Infrastructures et à Monsieur le Ministre de la Culture :
- Le pavillon sera-t-il reconstruit à la Place de Bruxelles aux fins indiquées ? Dans l’affirmative, quand ouvrira-t-il de nouveau ses portes ?
- L’aspect architectural de l’ancien « Kiosk » sera-t-il préservé ?
- Où est actuellement conservé le pavillon ?
Veuillez agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma haute considération.
Marc Angel
Député
Photo: GilPe/Wikimedia commons