Ginn d’Epreuves communes an der Grondschoul trotz Corona-Kris ofgehalen?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

D’Kanner a Jugendlech leide mat am meeschten ënnert der aktueller Kris. D’Ongewëssheet wéi et weidergeet, den Homeschooling an déi sozial Isolatioun drécken op d’Gemitt, op d’Psych an domat implizitt op d’Leeschtungskapazitéit vun de Kanner. De Bien-être vun de Kanner an de Mëttelpunkt ze stellen, ass an deem Kontext eng wichteg Decisioun.

Trotzdeem solle “d’Épreuves communes”, een decisiivt Element fir d’Orientéierung vun de Kanner aus dem Cycle 4.2 an de Secondaire, ofgehale ginn.

An deem Zesummenhang well ech dem Här Educatiounsminister dës Froe stellen:

  • Huet de Minister wëlles, des Epreuven onverännert bäizebehalen?
  • Kann den Minister sech Adaptatioune virstellen, beim Programm, dee getest gëtt, änlech wéi dat elo och beim Premières-Examen agefouert gëtt?
  • Fënnt de Minister et net sënnvoll, fir zousätzleche mentalen Drock, déi des Epreuven duerstellen, vun de Kanner ze huelen? Dat ëmsou méi, well des Schüler och schonn am 4.1 ënnert dem Lockdown gelidden hunn, woubäi de ganze Cycle bekanntlech determinant ass fir d’Ofschneide vum Kand bei den Epreuven.
  • Stëmmt et, datt verschidden Enseignantë wëlles hunn, och an der Fuesvakanz Kontakt mat de Schüler ze halen, fir si op dës Tester virzebereeden; wa jo, wéi gesäit de Minister dës Initiativ?
  • Ass et fir de Minister eng Optioun, “d’Épreuves communes” dëst Joer ausfalen ze loossen, an dem Enseignant d’Méiglechkeet ze ginn, op Basis vun de Prüfungen a Kompetenzen, grad wéi de Gespréicher mat de Kanner an hiren Elteren ze decidéieren, wouhin e Schüler am Beschte sollt orientéiert ginn?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener, Deputéiert

Facebook
Twitter