Cécile Hemmen : Klima-Biergerrot e wichtegen Exercice am Sënn vun der Demokratie an am Kampf géint de Klimawandel

Viru 50 Joer sinn déi éischt Fotoe vun eiser Äerd entstanen. Fir d’éischt Kéier huet d’Mënschheet an de Spigel gekuckt a gesinn, wéi zerbriechlech eise Planéit ass. Zur bal selwechter Zäit sinn d’Ëmweltschutzorganisatioune, wéi Greenpeace zum Beispill, gegrënnt ginn. 

Viru 4 Joer huet d’Greta Thunberg virum schwedesche Parlament demonstréiert, well net genuch géif géint de Klimawandel gemaach ginn. Mat Recht. Kuerz drop si weltwäit Kanner a Jugendlecher op d’Strooss gaangen, fir de Planéit an hir Zukunft ze schützen. D’Fridays for Future hunn et fäerdeg bruet, dass d’Nohaltegkeet an de Kampf géint de Klimawandel nees salonfäeg sinn. 

Eis Kanner hunn deemno dozou bäigedroen, dass eng Initiativ wéi de Klima-Biergerrot lancéiert gouf. Mat dësem Klima-Biergerrot kruten Ufank des Joers genee honnert Biergerinnen a Bierger d’Geleeënheet, Virschléi auszeschaffen, fir datt Lëtzebuerg méi séier am Kampf géint de Klimawandel virukënnt. Dobäi gouf gutt dorop opgepasst, dass d’Zesummesetzung vum Rot sou divers a representativ wéi méiglech ass. Iwwer aacht Méint hunn d’Bierger sech iwwert eng doze Mol gesinn, se krute Virträg vun Experten a waren och op den Terrain. Esou ass et hinne gelongen, 56 Propositioune mat Mesurë géint de Klimawandel auszeschaffen, déi si der Chamber virun 2 Woche konnte virstellen. D’Bierger hunn esou  an engem Demokratiegeescht eng wichteg Basisaarbecht geleescht, déi et elo erméiglecht, konkret Mesuren um Dësch ze hunn. Nächst Woch ginn déi 56 Virschléi nämlech an der Chamber vun den Deputéierten diskutéiert. De Ball läit elo bei de Verantwortlechen an der Politik, déi geleeschten Aarbecht vum Klima-Biergerrot unzëerkennen, an déi eenzel Mesuren an den nächsten nationalen Energie- a Klimaplang, de sougenannte PNEC afléissen ze loossen. 

Eppes kann ech awer elo scho soen. Mir als LSAP si ganz frou, dass mir iwwert déi verschidde Propositiounen Zousproch kritt hunn fir eis Ëmwelt– a Klimapolitik a fir esou gestäerkt an zesummen mam Wirtschaftsminister un der Verännerung vun eisem ekonomesche Modell ze schaffen an un der Fërderung vun der Kreeslafwirtschaft.  

De Klima-Biergerrot ass e wonnerbaren an och wichtegen Exercice, dee keng eemoleg Saach bleiwen dierf. Un dëser Plaz wëll ech de Leit gäre Merci soen fir hir Aarbecht an och dofir plädéieren, dass de Ball an Zukunft méi oft un d’Leit zeréckgespillt gëtt. 

 

Facebook
Twitter