Marc Angel: Ouni Transparenz, kee Vertrauen

 

D’Noriichten zum Korruptiounsverdacht am Europaparlament sinn ageschloe wéi eng Bomm an hunn eis all schockéiert. Déi presuméiert illegal Aflossnam vum Katar treffen d’Europaparlament an d’Häerz. De Schued ass enorm.

Dobäi ass d’Tentative, Gesetzestexter an eng gewësse Richtung ze drécke Gang-und Gebe an alle politeschen Institutiounen.

Och wann de Lobbying oft eng negativ Connotatioun huet ass et u sech och näischt schlechtes, soulaang e sech am legalen an transparente Kader beweegt.

Am Europaparlament musse Lobbyiste sech an engem Transparenz-Register androen, wou ee gesäit, wéi eng Interêten vertruede ginn a wéi vill Ressource fir de Lobbying zur Verfügung gestallt ginn.

D’Europadeputéiert kënnen, respektiv missten uginn, mat wiem se sech getraff hunn. Sou kann een zum Beispill op menger Internetsait vum Europaparlament gesinn, wéi eng Acteuren ech zu wéi enge Sujete gesinn hunn.

Mee de politeschen Afloss ka natierlech och ze weit goen oder carrement illegal sinn. Déi supposéiert Aflossnam vum Katar op eng Europadeputéiert an aner politesch Persoune muss ee beim Numm nennen: et ass Korruptioun, an et ass kriminell!

Mäi politesche Grupp, d’Sozialisten an d’Demokraten, hu null Toleranz fir Korruptioun. Et mécht eis ëmsou méi rosen, dass déi ugekloten, griichesch EU-Deputéiert a fréier Vize-Presidentin vum EU-Parlament der sozialistescher Fraktioun ugehéiert huet. Mir ënnerstetzen d’Enquête vum belsche Parquet vollends an hu vollst Vertrauen an d’Justiz, fir dass dës Affär lückenlos opgekläert gëtt.

Eise Grupp huet iwwerdeems schnell a kloer d’Decisioun geholl, duerch déi déi betraffen Deputéiert ausgeschloss an aner Betraffener suspendéiert, respektiv dozou opgefuerdert ginn, sech temporär vun hire Positiounen zeréckzezéien.

D’EU-Parlament huet Gesetzesprojeten zum Katar, virun allem zur Visa-Liberalisatioun, op Äis geluecht, an déi betraffe Vizepresidentin ofgewielt. Och wa natierlech d’Onscholdsvermutung gëllt, ass et richteg, dës Decisiounen ze huelen, fir weidere Schued ze verhënneren.

Well duerch dës Affär huet d’Europaparlament natierlech u Vertrauen a Kredibilitéit bei de Bierger·innen agebéisst. Dat gëllt et elo zeréckzegewannen. Dat wäert nëmme geléngen, wa mer all um nämmlechte Strang zéien an des Affär net fir parteipolitesch Zwecker ausnotze wëllen. Genau dat war och de Message vun der EU-Parlamentspresidentin Roberta Metsola.

Ënner anerem musse mir méi Transparenz schafen an d’Ëmsetzung vun de besteeënde Reegele verschäerfen. Et soll en 10-Punkte-Plang kommen, fir Dysfonctionnementer a Schlupflächer zur Korruptioun ze addresséieren. Sou solle Whistleblower zum Beispill besser geschützt ginn an de Lobbying vun Drëttstaate besser encadréiert ginn. Eng intern Enquêtekommissioun am EU-Parlament soll déi ganz Geschehnisser opschaffen.

Kriminell Energie kann een och duerch esou Mesuren net eradikéieren. Mee et kann een d’Netz awer méi engmascheg spanen, fir dass esou Saache méi einfach entdeckt kënne ginn. D’EU-Parlament, dat sech fir Rechtsstaatlechkeet an Anti-Korruptioun uechter d’Welt asetzt, huet elo eppes gutt ze maachen.

Et läit och an der Natur vun der Demokratie an hiren Institutiounen, ze léieren a seng Reegelen ze verbesseren. Genau dee Prozess musse mir elo mat vollster Determinatioun an Iwwerzeegung weiderdreiwen.

Doriwer eraus wäerte mir als Europaparlament d’nächst Joer gutt Aarbecht fir eis EU-Bierger·innen leeschten, fir och domadder hiert Vertrauen erëm ze gewannen.

Facebook
Twitter