Eng Prouf fir déi mental Gesondheet

Déi lescht Méint huet de mentalen Zoustand bei ville gelidden. Grad dowéinst ass et esou wichteg net just op déi kierperlech Gesondheet opzepassen, mee och un d’Psych ze denken. D’Dr. Claude Besenius, Psychologin am Centre ÄDDI-C erkläert wéi d’Pandemie d’Bierger mental belaascht a wéi ee sech hëllefe kann.

 

Wéi hu bestoend Patienten op d’Pandemie an de Confinement reagéiert? Ginn et speziell Geforen oder Risiken fir déi Leit?

Claude Besenius: Fir Leit mat enger Suchtproblematik war, an ass, des Zäit eng relativ schwiereg. Wéi de Confinement am Mäerz ugefong hot, wor d’Situatioun am CTU (Centre Thérapeutique Useldange) fir unzefänken nik einfach, well d’Leit nik méi konnten eraus- respektiv heemgoen. Eng Rei Patienten hunn hir Therapie ofgebrach fir doheem bei hirer Famill kënnen ze sinn a si kruten deemools gesot datt si, wann se wéilten erëmkommen, erëm séier kinnten opgeholl ginn. Well mir bis zu 38 Patienten ophuele kënnen, woren dunn natierlich vill Leit beieneen an dëst hot bei ville Patienten Ängscht an Onsécherheeten ausgeléist. Vu datt d’Cliniquen déi Zäit keng Sevragen* méi gemaach hunn, woren dunn natierlich och vill Leit doheem op sech eleng gestallt a mir konnten nik méi vill Leit ophuelen well mir hei kee Sevrage maachen.

Vill Leit déi abstinent woren hu rechutéiert an haten awer Schwierigkeeten Hëllef ze kréien. Anerer hunn d’Quantitéiten déi se gedronk hunn erhéicht. Si hate keng Ënnerstëtzung méi, keng sozial Kontakter an haten oft näischt ze dinn an hunn du gedronk. Vill Leit hunn och mat Stress an Ängscht gekämpft an hu consomméiert fir heimadder eens ze ginn. D’Leit hu gefaart bei den Dokter ze goen oder koumen néierens bäi. Vill Leit, déi och virdru scho mat Depressiounen an Ängscht gekämpft hunn, kruten et nach méi schwéier duerch d’Pandemie, woussten nik wéi se un Hëllef kommen an d’Unzuel vun de Suizidversich ass an d’Luucht gaangen.

De Centre ÄDDI-C, eisen ambulante Service an der Stad wor zougemaach ginn. De Message, dee mer vu ville Leit kruten, wor dee selwichten: et wor eng schwéier Zäit a vill Leit hu rechutéiert oder méi gedronk wéi virdrun.

* Sevrage = Entgëftung; et as de medizinesch begleeten kierperlichen Entzug vum Alkohol

 

Gëtt et Ännerungen an der Unzuel vun de Patienten déi Hëllef gesicht hunn?

CB: Mir haten eng Zäit laang nik vill Patienten déi hospitaliséiert woren, well jo och keng oder bal keng Sevragen gemaach gi sinn. An där letzter Zäit ass d’Unzuel vun den Demanden awer eropgaangen a mir hu mëttlerweil erëm eng Waardelëscht. Dëst ass engersäits bedéngt duerch déi méi grouss Demande mee anerersäits och doduerch datt Leit hir Therapien an Däitschland annuléiert kruten well Lëtzebuerg als Risikogebitt agestuuft gi wor.

Ech denke schonn, datt et eng ganz Rei Leit gëtt, déi sech keng Hëllef sichen, well se fäerte sech unzesteechen an datt et och Leit ginn, deenen hier Ängscht an deene leschte Méint méi schlëmm gi sinn. Am Centre ÄDDI-C hu mer och erëm vill Demanden, do sinn awer och reegelméisseg Clienten, déi verschidden Therapien annuléiere mussen, well se entweder an der Quarantän oder an der Isolatioun sinn.

Am allgemenge schéngt d’Demande wierklech an d’Luucht ze goen a mir kréie vu ville Leit, déi bei eis kommen, de Feedback, datt si wärend dem Confinement komplett d’Kontroll iwwer hier Consommatioun verluer hunn.

 

Gëtt et Methoden, déi een och momentan mental gesonde Leit kéint mat op de Wee ginn, fir eng Situatioun wéi e verlängerte Confinement, gutt oder besser ze iwwerstoen?

CB: Fir esou eng Situatioun gesond ze iwwerstoen ass et wichteg e gereegelte Rhythmus bäizebehalen. Et soll een zum Beispill moies opstoen, duschen a sech undoen; esou wéi een et och mécht wann een nik muss doheem bleiwen. Et soll ee seng reegelméisseg Eesszäite bäibehalen a sech esou vill beweegen wéi et geet, am Beschten an der frëscher Loft.

Et ass och wichteg Zäit anzeplangen an där een no sech selwer kuckt a Saache mécht déi engem Spaass maachen an hëllefen ze relaxéieren. Et kann een e gutt Buch liesen, Relaxatioun maachen, gemittlech an d’Bidde goen… Da soll een natierlich och probéiere säin Alkoholkonsum nik eropzesetzen. Ech hu vill Leit a mengem Bekanntekrees, déi gezeelt hunn, datt si op eemol ugefong hunn all Dag eng oder souguer zwou Fläsche Wäin ze drénken, Apéroen iwwer d’Sozial Medien ze maachen a sou weider. Et wier och gutt sech nik komplett ze isoléieren an iwwer Telefon an/oder sozial Medien Kontakt mat aneren ze halen.

 

Claude Besenius,

Chargée de direction du CTU et du Centre ÄDDI-C

Facebook
Twitter