Nicolas Schmit, europäesche Spëtzekandidat vun der PES

Ee vun eis! 🌹

Seelen huet en EU Kommissär d’sozial Gerechtegkeet an Europa esou no vir bruecht wéi den LSAP Politiker Nicolas Schmit. Duerfir ass den Nicolas Schmit an den Ae vun den europäesche sozialdemokratesche Parteien den ideale Kandidat, fir si an d’Europawalen ze féieren. Als LSAP si mer houfreg, dass de Nicolas vun den europäesche Sozialdemokraten als Garantie fir sozial Gerechtegkeet an engem staarken Europa gesi gëtt. Well nëmme sozial Gerechtegkeet hält eis Gesellschaften an Europa zesummen.

 

Facebook
Twitter