![](https://lsap.lu/wp-content/uploads/2023/01/Ongefiltert_Episod03_16x9_Thumb-1024x576.jpg)
An der 3. Episod vun “Ongefiltert. den éierleche Podcast” diskutéieren d’Maxime Miltgen (Presidentin Femmes socialistes & Spëtzekandidatin an der Stad Lëtzebuerg) an de Yannick Schumacher (Kandidat fir d’LSAP zu Diddeleng) iwwert d’Gendergerechtegkeet zu Lëtzebuerg. Am europäesche a weltwäite Verglach steet Lëtzebuerg net schlecht do, mä et ass nach villes ze maachen. Genderen soll fir déi zwee Invitéen een Deel vun engem méi gerechten a méi inklusive Lëtzebuerg an der Zukunft sinn.