Här Michel Wolter
President vun der Chamber
23, rue du Marché-aux-Herbes
L-1728 Luxembourg
Lëtzebuerg, den 26. Oktober 2023
Här President,
An deenen éischte Ronne vun de Koalitiounsverhandlungen hunn déi verschidden Departementer an Administratiounen dem Formateur an de Verhandlungsdelegatiounen Zuelen an Erklärungen iwwert déi rezent Entwécklunge vun de Staatsfinanze presentéiert.
Des Zuele wäichen zum Deel däitlech vun deenen of déi déi selwecht Experten der Chamber virun de Wale virgestallt hunn. Well d’Chamber a senger Roll als éischte Pouvoir vum Land, an domadder Deputéierten, ee Recht hunn op zäitgläich Informatiounen, bieden ech Iech, Här President, am Numm vun der LSAP Fraktioun der Chamber an hire Memberen déi selwecht Informatioune schnellstméiglech zoukommen ze loossen.
Dat ëmsou méi well et am Interêt ass vum politeschen Debat wa jiddereen de selwechte Wëssensstand huet. Et wier nämlech onverständlech dass de gewielte Volleksvertrieder Informatiounen net zougänglech gemaach géife ginn, déi Verhandlungsdelegatiounen, an deene net gewielte Memberen vertruede sinn, haut schonns hunn.
Ech soen Iech, Här President, schonns am Viraus Merci fir är Ënnerstëtzung.
Mat beschte Gréiss
Mars Di Bartolomeo,
Interim-President vun der LSAP Fraktioun