Gëschter Owend (21.03.2023) huet d’LSAP Sektioun Sandweiler hir Assemblée générale ordinaire am Restaurant ‘Al Sessantuno‘ organiséiert – mat groussem Zoulaf vun hiren Memberen.
No enger motivéierender Ried vum Sektiouns-Président Patrick MARTIN, dem Aktivitéits-Bericht vun der Sektioun, souwéi engem Rapport iwwert d’Aktivitéiten vun eisen 2 LSAP-Conseilleren am Gemengerot, koum et zum Keessebericht. Déi zwee Keesserevisoren hunn dem Trésorier eng exzellent Arbescht attestéiert. Eis Sektioun steet op gesonde finanzielle Féiss.
Wichteg ze ernimmen ass och, datt eis Sektioun am Joër 2022 en bedéitenden Zouwuess un Memberen ze vermellen hat. Dëst ass e wichtegt Signal fir d’Super-Waljoër 2023 – mat Gemengewalen am Juni an Parlamentswalen am Oktober.
Am Uschloss goufen am Kader vun enger Assemblée générale extraordinaire eis 11 Kandidaten fir d’Gemengewalen vum 11. Juni 2023 présentéiert. Dës Lëscht gouf unanime ugeholl – d’Vize-Présidentin Jacqueline BREUER huet sech erfreet gewisen, datt wäit virun der Échéance fir Lëschten ze déposéiren, 11 kompetent & motivéiert Persounen sech gemellt haten, fir sech zesummen anzesetzen am Intérêt vun den Sandweiler Biergerinnen an Bierger.
Eis Lëscht setzt sech zesummen aus (alphabetesch Oplëschtung):
BREUER Jacqueline (Spëtzekandidatin) / CARNEIRO Toni / DE LA BOURDONNAYE Gabriel / FONCK Monica / GREIS Bob / LAUER René / MARTIN Patrick / MOROCUTTI Roberto / REUTER Georges / SERRA Roberto / ZAOUROU Pascale.
Déi eenzel Kandidaten wärten all Intresséierten an den nächsten Wochen iwwert déi üblech Kanäl (Flyers / Homepage / Facebook / LSAP-Events) présentéiert ginn.
Ofschléissend gouf den Owend bei engem gudden Iessen an gemittlecher Atmosphär auskléngen gelooss.
D’LSAP Sektioun Sandweiler ass opjidferfall prett fir en zukunftsweisend Joër 2023!