Generalversammlung vum 21.03.2023

Gëschter Owend (21.03.2023) huet d’LSAP Sektioun Sandweiler hir Assemblée générale ordinaire am Restaurant ‘Al Sessantuno‘ organiséiert – mat groussem Zoulaf vun hiren Memberen. 👏🏼
No enger motivéierender Ried vum Sektiouns-Président Patrick MARTIN, dem Aktivitéits-Bericht vun der Sektioun, souwéi engem Rapport iwwert d’Aktivitéiten vun eisen 2 LSAP-Conseilleren am Gemengerot, koum et zum Keessebericht. Déi zwee Keesserevisoren hunn dem Trésorier eng exzellent Arbescht attestéiert. Eis Sektioun steet op gesonde finanzielle Féiss. 📊
Wichteg ze ernimmen ass och, datt eis Sektioun am Joër 2022 en bedéitenden Zouwuess un Memberen ze vermellen hat. Dëst ass e wichtegt Signal fir d’Super-Waljoër 2023 – mat Gemengewalen am Juni an Parlamentswalen am Oktober. 📈
Am Uschloss goufen am Kader vun enger Assemblée générale extraordinaire eis 11 Kandidaten fir d’Gemengewalen vum 11. Juni 2023 présentéiert. Dës Lëscht gouf unanime ugeholl – d’Vize-Présidentin Jacqueline BREUER huet sech erfreet gewisen, datt wäit virun der Échéance fir Lëschten ze déposéiren, 11 kompetent & motivéiert Persounen sech gemellt haten, fir sech zesummen anzesetzen am Intérêt vun den Sandweiler Biergerinnen an Bierger. 🏡
Eis Lëscht setzt sech zesummen aus (alphabetesch Oplëschtung):
BREUER Jacqueline (Spëtzekandidatin) / CARNEIRO Toni / DE LA BOURDONNAYE Gabriel / FONCK Monica / GREIS Bob / LAUER René / MARTIN Patrick / MOROCUTTI Roberto / REUTER Georges / SERRA Roberto / ZAOUROU Pascale.
Déi eenzel Kandidaten wärten all Intresséierten an den nächsten Wochen iwwert déi üblech Kanäl (Flyers / Homepage / Facebook / LSAP-Events) présentéiert ginn. 🗞️ 🖥️
Ofschléissend gouf den Owend bei engem gudden Iessen an gemittlecher Atmosphär auskléngen gelooss. 🍕
D’LSAP Sektioun Sandweiler ass opjidferfall prett fir en zukunftsweisend Joër 2023! 💪 🌹
Facebook
Twitter