Habschter Stuff – E lackert Gespréich

Mer invitéieren dech häerzlech op eis éischt Diskussiounsronn den Donneschden 12 Januar 2023 um 18:30 am Centre Polyavalent zu Habscht.

Eis Invitéeë sinn den Aarbecht- a Sportminister Georges Engel an d’Députéiert Buergermeeschtesch vu Suessem d’Simone Asselborn-Bintz. Den Owend soll iwwer Sport a Kultur diskutéiert ginn, déi’en e wichtege Bestanddeel vun eiser Gesellschaft sinn, an och ënnert der Pandemie gelidden hunn.

D’Moderatioun gëtt vun eisem Sekretär, dem Luca Colling iwwerholl. Mellt iech bis den 8 Januar 2023 op den +352661200330 oder op habscht@lsap.lu un.

Dowéinst komm bis laanscht an diskutéier mat.

 

Facebook
Twitter