MERCI

Léif  Matbiergerinnen a Matbierger,

Mir wëlle Jidderengem vun iech MERCI soe fir äert Vertrauen dat dir ons entgéint bruecht hutt den 11. Juni. Dëst huet eis et erméiglecht kennen an eiser Kontinuitéit weiderzeschaffen an d’Aarbecht déi de Fernand Schiltz als Schäffe mat opgebaut huet, weiderzeféieren.

Mir sinn als LSAP Equipe motivéiert fir déi nächst 6 Joer flott Projeten am Sënn fir eis Gemeng ëmzesetzen an dëst transparent a kloer un iech, léif Matbiergerinnen a Matbierger, weiderzevermëttelen.

Als kleng Info, wësst dir vläicht schonn, datt mir ons misste kuerzfristeg strukturell ëmorganiséieren, sidd awer verséchert, datt mir all zesummen als Equipe fir iech weider schaffen.

Facebook
Twitter