Sëtzung vum Gemengerot vum 20.04.2023 – Vote iwwert de PAG

E wéidert trauregt Kapitel an der Gemengepolitik zu Sandweiler!
Haut de Moien sollt an der Gemengerotssëtzung de PAG gestëmmt ginn.
Onofhängeg vun der Qualitéit vum neien PAG, ass d’LSAP Sektioun Sandweiler der Meenung, datt knapp 7 Wochen virun den Gemengewalen sou en kruzialen, komplexen Dossier net sollt duerchgeboxt ginn. Aus deem Grond hun d’LSAP an DP-Oppositioun de Sall aus Protest verlooss. Domadder gouf de néidege Quorum fir e Vott haut net erreecht.
Och wann et gesetzlech méiglech ass, datt den Dossier nach Mëtt Mee (knapp 3 Wochen virun den Walen!) bei engem Vott, bei dem de Quorum net méi noutwendeg ass, kéint vun der austriedender Majoritéit forcéiert ginn, ass d’LSAP Sektioun Sandweiler dovunner iwwerzeegt, datt een dësen wichtegen Dossier sollt der zukünfteger Majoritéit iwwerloossen.
Dobäi kënnt, datt laut dem Radio 100,7 dräi Conseilleren, dorënner och d’CSV-Buergermeeschtesch, bei dësem Dossier net ofstëmme kënnen, well se befaange sinn.
Aus de genannten Grënn:
D‘Lëscht N*1️⃣ bei den Gemengewalen vum 11. Juni 2023 – 11 Stëmmen fir eng staark LSAP & e bessert Sandweiler! 🌹
Facebook
Twitter