“Sport, en onverzichtbart Element fir d’Gesondheet an d’sozial Integratioun…” – Tribune libre vum Sacha Pulli

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch)  befaasst sech de Sacha Pulli, LSAP-Kandidat fir d’Chamberwahlen 2018 am Bezierk Süden, mam Sport als wichtegt Element vun der sozialer Integratioun a mat der zentraler Roll vum Benevolat am Sport.

Hei dem Top-Handballspiller säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

Sport, en onverzichtbart Element fir d’Gesondheet an d’sozial Integratioun, ass ouni Benevolat net méiglech!

 

De Stellewäert vum Sport ass en oft a gär diskutéiert Thema. Trotzdeem si mer eis net ëmmer bewosst wat fir eng wichteg Aufgab en an eiser Gesellschaft huet.

De Sport ass zum engen e wichtege Bestanddeel vun eiser Gesondheetsskultur an zum aneren en onverzichtbare sozialen Integratiounsfaktor.

Virun allem an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou den Undeel vun eisen auslännesche Matbierger dee vun de Lëtzebuerger an deenen nächste Jore wäert depasséieren, muss d‘Integratioun duerch de Sport weiderhin e wichtege Faktor sinn.

De Sport erméiglecht et och ouni vill Sproochkenntnisser un enger Aktivitéit deelzehuelen an déi sozial Interaktioun ze fërderen.

Zesummen erlieften Emotiounen am Sport schafen e Gefill vu Verbonnenheet a vermëttele sozial Wäerter, wéi Fairness a Solidaritéit.

Fir eis als LSAP ass et awer kloer, dass de Sport nëmme kann en wichtege Beräich fir Integratioun sinn, wann en mat anere kombinéiert gëtt, a vun Ufank un e wichtege Bestanddeel am Liewe vun de Kanner ass.

Dofir sinn an deene leschte Joren ënnert dem Sportminister Romain Schneider Mesurë geholl ginn, fir de Sport am “early childhood”, also an der „fréikandlecher Entwécklung“ ze fërderen.

Prinziper vum Beweegungsraum vun de klenge Kanner goufe festgeluecht a méi rezent gouf dat gemeinsamt Konzept vu Sportsministère an Educatiounsministère „Une éducation motrice, physique et sportive pour enfants de 0 à 12 ans“ virgestallt.

Mär als LSAP setzen eis dann och dofir an, dass dëst Konzept an Zesummenaarbecht mat deene verschiddenen Acteuren um Terrain elo ëmgesat gëtt.

E weideren Aspekt deen onbedéngt muss mam Sport a Verbindung gesat ginn an mär als aktive Sportler perséinlech extrem wichteg ass, ass dee vum Benevolat.

Wat wieren all d´Sportler ouni déi vill fräiwëlleg Engagéiert déi all Dag hier Fräizäit dofir opferen, dass anerer hirem Hobby ënnert beschtméigleche Konditioune kënnen nogoen.

Trotz enger Rei Mesurë fir de Benevolat ze ënnerstëtze wei de “Bénévole de l´année” oder “couverture frais assurance casco” vun den Dirigenten, musse mer leider e konstante Réckgang vun dësem erkennen.

Och wann de Réckgang vum Benevolat an enger Gesellschaft déi ëmmer méi schnell dréint verständlech ass, dierfe mer dat net einfach hinhuelen.

Am Sënn vum Benevolat musse mer eis dofir fir eng konkret Verréngerung vun der Aarbechtszäit asetzen, déi an Zäite vun enger digitaliséierter Aarbechtswelt keng Utopie wäert sinn.

Och eng Aféierung vun enger Zort “Congé pour le bénévolat” bei deem d´Benevolle fir eng gewëssen Unzuel vun Stonnen am Mount vun hirer Aarbecht fräigestallt ginn, däerf keen Tabu sinn.

Fir all den Defien, déi eis an Zukunft erwaarde gerecht ze ginn wäert LSAP sech dofir asetzen, dass de Sport en autonomen an eegenen Ministère bleift, wéi dat säit 2013 de Fall ass.

 


 

Facebook
Twitter