Tess Burton: “D’Bauere brauchen e gerechte Loun fir hir Aarbecht”

 

Tess Burton: “Wann déi Pandemie eppes Guddes hat, dann ass et d’Tatsaach, dass d’Leit sech erëm méi bewosst gi sinn, dass et keng Selbstverständlechkeet ass, dass ee jidderzäit alles kafe kann, wat iergendwou an der Welt produzéiert gëtt. Dat gëllt ganz besonnesch fir eis Liewensmëttel. D’Bauere konnten sech an deene leschten zwee Joer iwwert e gewëssenen Succès vun der Direktvermaartung freeën. Deen direkte Kontakt mam Produzent ass immens wichteg an enger Zäit, wou ëmmer manner Leit wëssen, wou eis Liewensmëttel iwwerhaapt hierkommen.

Et gëtt de Baueren d’Geleeënheet, méi Verständnis vun hire Clienten ze kréien fir déi Aarbecht, déi si leeschten.

Well d‘Bauere sinn an eiser Gesellschaft eng kleng Minoritéit ginn, déi just nach e minimale Bäitrag zu eisem PIB leeschten. Anersäits bewirtschaften si iwwert d’Hallschent vun der Fläch vun eisem Land, sou dass hier Aarbecht ganz wichteg ass an si domat och e ganz wesentlechen Impakt op eis Ëmwelt hunn. Et iwwerrascht deemno net, dass de Klima- an den Ëmweltschutz ëmmer méi oft am Mëttelpunkt stinn, wann iwwert d’Bauere geschwat gëtt.

Verluer geet dobäi awer d’Verständnis, firwat e Bauer iwwerhaapt Sue vum Staat soll kréien, wann hien Liewensmëttel just entspriechend de Mindestnormen produzéiert. Dobäi ass d’Äntwert ganz einfach : zanter Joerzéngten bezilt de Konsument net méi genuch fir d’Liewensmëttel, fir dass de klenge Bauer ouni Subsid vun deem Akommes kéint liewen.

Ursprénglech war genau dat d’Zil vun der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik : Mat Subsiden sollt dofir gesuergt ginn, dass genuch Liewensmëttel géife produzéiert ginn zu engem Präis, deen jiddereen sech leeschte kann. D’Reform vun dëser Politik, déi d’lescht Joer fir di nächst 5 Joer decidéiert gouf, knäppt en Deel vun dëse Bäihëllefen elo un zousätzlech Efforten fir de Klima- an Ëmweltschutz. Bauere kennen awer nach ëmmer en Deel vun de Gelder kréien, wann si just d’Basiskonditiounen erfëllen.

Dat ass och wichteg, well et dréit der Tatsaach Rechnung, dass d’Baueren zu Lëtzebuerg am Schnëtt vill schaffen fir e Loun, deen däitlech ënnert deem läit, wat anerer als normal ugesinn.

Wa Politik a Konsument sech net gemeinsam dofir asetzen, dass Baueren e fairt Akommes kréien, dann hu mer geschwënn keng Bauere méi, an och keng jonk Leit méi, di sech fir dëse Beruff entscheeden an dann importéiere mir nach méi Liewensmëttel wéi bis elo aus Länner, deenen eis Ëmwelt- an Déiereschutznormen zimmlech egal sinn. Dat ass net eist Zil, mir mussen eis Baueren ënnerstëtzen, dass si vun hirer Aarbecht liewe kënnen an dass si di Transitioun hin zu méi Klima- an Ëmweltschutz um Terrain meeschtere kënnen.”

Tess Burton

LSAP-Deputéiert

Facebook
Twitter