Communiqué zum virage ambulatoire

Nei gesondheetlech Zentre méi no bei de Léit

D’Weiche vir de “Virage ambulatoire” si gestallt. Dat bedeit, datt gesondheetlech Déngschter a Strukturen méi no bei den Patienten wäerten entstoe kënnen. D’Ministeren Paulette Lenert an den Claude Haagen hunn den 18. Mee zwee Gesetzvirschléi presentéiert, déi di gesetzlech Rumm fir des Strukturen stellen. Konkret bedeit dat, datt medezinesch Déngschter wei d’Imagerie (dorënner och den IRM), Dialyse, Oncolongie etc. an Zukunft wäerten ausserhalb vun de aktuelle 4 Centres hospitaliers kënne ugebuede ginn. Dëst verdeelt op bis zu 10 néi Sitten uechtert d’Land.

Trotz allen Kritiken a Géigewand, déi et an deene vergaangene Deeg a Wochen an dësem Dossier gi sinn, sinn d’Paulette Lenert an den Claude Haagen hirem Wee trei bliwwen. Zill ass et nach wei vor, d’Offer u medezinesch Strukturen ze erweideren, dëst no sënnvolle geographesche Krittären an ouni eng Privatiséierung vum medezinesche Secteur dofir a Kaf ze huelen. Well d’Gesondheet net eng Wuer ewéi eng aner ass, verdéngt se och eng spezifesch gesetzlech Rumm.

Een éischte Gesetzvirschlag, deen den 18. Mee presentéiert ginn ass, schafft dofir ee legale Kader fir néi zousätzlech medezinesch Strukturen. Dësen Text geséit eng staark Vernetzung vun dësen Zentren mat de Spideeler fir. Dëst ass wesentlech, fir dat kruzial Froen, wei d’Ofhale vu Garden duerch d’Dokteren, d’Organiséiere vun engem Urgence-Service oder nach de Suivi thérapeutique vum Patient kloer gereegelt ginn. Dëse gesetzleche Kader preparéiert dann och de Wee, fir eng méiglech Prise en Charge vun der CNS. Am Virfeld vu dësem Gesetzestext ass och gekuckt ginn, wou dezentraliséiert Strukture géife Sënn maachen.

Den zweete Gesetzvirschlag wäert et Dokteren an anere Gesondheetsberuffer erlaben, sech an enger néier Gesellschaftsform zesummen ze schléisse fir kënne gemeinsam Praxen opzemaachen. Déi zwee Texter gehéieren zesummen, sou datt virstellbar ass, datt verschidde Spezialisten sech engersäits op enger Platz zesummendinn an anerersäits, op der selwechter Platz, och schwéier Apparater (wei een IRM) an den Asaz kommen, wa fir deen Deel vun der Praxis eng Zesummenaarbecht mat engem Spidol besteet.

Konkret Projete ginn et och schonns. Dat betrëfft den IRM-Zenter um Potaschbierg, den an der läscht vill an de Medie war, a fir deen de CHL den 13. Mee eng formell Ufro fir eng Zesummenaarbecht gemaach huet. Iwwert dëse Wee kéint eng Reguléirung vum dësem IRM-Zentrum stattfanne. Do donieft besteet awer och Interêt vu Radiologen vum CHEM fir eng Struktur zu Mondorf ze bedreiwen, vun den Hôpitaux Robert Schuman fir en Zentrum zu Jonglënster a vum CHdN fir een IRM zu Wooltz ze bedreiwen.

An deenen zwee Jore Pandemie huet eise Gesondheetssystem gewisen, wei efficace a resilient et ka sinn, och wann ee vu verschiddener gäre schlecht geriet gëtt. Mat dësen zwee Texter gëtt elo déi gesetzlech Rumm gesat, fir d’Gesondheetsversuergung vu muer virzebereeden. An dat onofhängeg vun Äusserungen, déi an deene leschte Wochen ëmmer erëm probéiert hunn, hier Partikularintressien an de Virdergrond ze stellen. Wann een un der Verantwortung ass, kann en net just déi einfach, populär Entscheedungen huelen, mee et muss en déi richteg Entscheedung treffen. Dat hunn d’Paulette Lenert an den Claude Haagen an dëser Saach gemaach.

Communiqué le 19 mai 2022

Facebook
Twitter