Wéi wäert Lëtzebuerg sech beim Vott vun der UNO-Resolutioun zu der Aféierung vum internationalen Dag fir d’Gedenken un de Genozid vu Srebrenica positionéieren? Kann den Här Minister dës Positioun begrënnen?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel weiderzeleeden.

Fir den 11. Juli um Niveau vun der UNO zum internationalen Dag fir d’Gedenken un de Genozid vu Srebrenica ze deklaréieren, hunn eng Rei Staaten e Projet de Resolution ausgeschafft. D’Resolutioun sollt den 2. Mee 2024 an der Assemblée Générale vun der UNO zum Vott gestallt ginn. Dëst ass kierzlech fir d’zweete Kéier reportéiert ginn. Am Juli 1995 goufen iwwer 8.300 muslimesch Männer a Jongen vun de serbesch-bosneschen Truppen brutal ëmbruecht. Am Joer 2007 huet den Internationale Strofgeriichtshaff d’Massaker als Genozid verurteelt.

Aktuell suergt de Projet vun der UNO-Resolutioun fir Onrouen. An der serbescher Deelrepublik a Bosnien an Herzegowina hunn Dausende bosnesch Serbe géint d’UNO-Resolutioun protestéiert. De President vun der Deelrepublik, Milorad Dodik, huet de Vëlkermord geleegent a wärend senger Visitt zu Belgrad behaapt d’Bestoe vun Bosnien a Herzegowina wier a Gefor wann d’Resolutioun géing gestëmmt ginn.  D’Situatioun a Bosnien an Herzegowina, EU-Bäitrëttskandidat zanter Dezember 2022, ass immens beonrouegend.

An deem Kontext géing ech dem Här Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel follgend Froe stellen:

  • Wéi wäert Lëtzebuerg sech beim Vott vun der UNO-Resolutioun zu der Aféierung vum internationalen Dag fir d’Gedenken un de Genozid vu Srebrenica positionéieren? Kann den Här Minister dës Positioun begrënnen?
  • Wéi gedenkt d’Regierung zu enger Berouegung vun der Situatioun a Bosnien a Herzegowina bäizedroen? Wéi eng Méiglechkeete gëtt et dofir um europäeschen an um multilateralen Niveau?

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz – Deputéiert

Facebook
Twitter