Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Assemblée Générale Steinfort

25 March 2022 @ 19:30 - 21:00

Léif Komerodin, léiwe Komerod,

Heimatter gess du häerzlechst ageluede fir un eiser Generalversammlung, déi Freides, de 25. Mäerz 2022 am
Pompjeessall zu Hoen um 19:30 Auer stattfënnt, deelzehuelen.

DAGESUERDNUNG
1. Begréissung an Usprooch vum President Guy Erpelding
2. Approbatioun vun der Dagesuerdnung
3. Tätegkeetsbericht vun eiser Sekretärin Nicole Unsen
4. Keesebericht vun eiser Tresorière Beatrice Kabers
5. Verdikt vun de Keeserevisoren, Christiane Schank a Jean-Pierre Beffort
6. Versammlung gètt de Membere vum Comité an de Keeserevisoren Decharge fir déi verschidde Berichter
7. Neiwal vun engem Deel vum Comité

Austriedend an erèm wielbar Memberen: Nicole Unsen-Barthélemy – Guy Pettinger – Guy Erpelding
– Anne Mathekowitsch – Sylvie Asselborn – Guy Laroche – Hortense Ostach – Théo Buchler, Steve
Fulster
Nei Kandidaturen : Jasmine Pettinger, Anja Meder-Di Bartolomeo, cooptéiert am Comité den 29/12/2021

Usprooch vun eisem Buergermeeschter Sammy Wagner
Usprooch vum Francine Closener, Deputierten, Presidentin LSAP
Fräi Aussprooch
An der freedeger Erwaardung äis deen Owend zu vill erèm ze gesinn, kréi elo schonns eis beschte
komerodschaftlech Gréiss.

Nicole Unsen
Sekretärin

Guy Erpelding
President

Am Anschluss un eis Generalversammlung loosse mir den Owend dann zesumme beim Patt an engem Maufel z’iessen auskléngen

Details

Date:
25 March 2022
Time:
19:30 - 21:00
Event Category:

Venue

Pompjeessall zu Hoen
rue de l'Ecole
Hagen, L- 8367 Luxembourg