Léif Komerodin, léiwe Komerod,
De Weekend vum 26. a 27. Mäerz ass de Relais pour la vie 2022. D’Solidaritéit mat de Leit, déi vum Kriibs betraff sinn, steet hei am Virdergrond. Och mir als LSAP maache bäi dësem Evenement mat fir all d‘Leit ënnerstëtzen, déi géint dës schwéier Krankheet kämpfe mussen oder e léiwe Mënsch duerch de Kriibs verluer hunn.
Dofir siche mir Leit, fir eng LSAP #zesummen – Ekipp.
Fir all SportlerIn, deen/déi sech via eis Emailsadress mellt, iwwerhuele mir als Partei d’Inscriptioun, grad ewéi déi 15€ Participatioun.
Mir wëllen an dësem Kontext och nei LSAP-T-Shirten bestellen, déi dir de 26.03 sur place verdeelt kritt, oder am Generalsekretariat (op Rendez-vous) kënnt ofhuelen.
Komm, mir weisen eis #zesummen solidaresch. Mir zielen op Dech!
Léif Gréiss,
D’Organisatiounsekipp Francine Closener & Dan Biancalana